Sozialwahlen 2019 Eng besser Kommunikatioun fir d'CFL

Net just d'Kommunikatioun fir d'Cliente bei der CFL wier net gutt, mee och déi intern Kommunikatioun fir d'Mataarbechter misst verbessert ginn, seet de President vum Landesverband, Georges Merenz. Heefeg hätten d'Passagéier d'Informatiounen iwwer Internet méi séier wéi d'Personal vun der CFL.

Mick Entringer / cbi

Georges Merenz an d'Mylène Bianchy
De President vum Landesverband Georges Merenz an d''Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy.

D'Kommunikatioun vun de CFL misst vill méi proaktiv ginn, och géigeniwwer der Press, seet hirersäits d'Presidentin vum Syprolux. D'CFL wier vun hirem eegene Succès iwwerrannt ginn, esou d'Mylène Bianchy.

D'Mylène Bianchy kann d'Roserei vun de Leit verstoen, mee et misst ee sech am Grëff hunn an déi Roserei net u Leit ausloossen, déi net fir e Retard kënnen. Vill Fluxe vun den Zuchlinne wieren nach net optimiséiert an dacks géifen Informatiounen ze spéit beim Personal ukommen.

De Georges Merenz ënnersträicht awer, datt "onheemlech vill" un der Kommunikatioun geschafft géif ginn. D'Betribsleitzentral (BLZ) wier eréischt am Ufank an d'Leit misste sech nach richteg aschaffen. "An da kréien och eis Zuchféierer Tabletten, datt déi grad esou séier wéi d'Clienten och, op der App d'Informatioune kréien."

Angscht virum Wiessel

Vum 1. Mäerz 2020 u soll den ëffentlechen Transport fir all d'Passagéier gratis ginn. Béid Gewerkschafte kritiséieren dat. Fir de Georges Merenz vum Landesverband wier d'Kommunikatioun vun der Politik schlecht gewiescht.

Der Syprolux-Presidentin no wier doduerch d'Beruffséier vun de CFL-Mataarbechter a Fro gestallt. Fir d'Mylène Bianchy hätt een et mat enger Ofwäertung vum Beruff ze dinn: "Mir schwätzen hei zwar net vu Plazen oder Ofbau vun Aarbechtsplazen, mee mir schwätzen hei vu Beruffsbiller ofschafen, déi awer och op engem Niveau vu Sécherheet eng wichteg Roll spillen."

D'Haaptfuerderunge vu béide Gewerkschaften

Fir d'Mylène Bianchy ass d'Haaptfuerderung vum Syprolux de Bereetschaftsdéngscht vun de CFL-Mataarbechter, déi sech ëm de Gleisbau bekëmmeren, souwéi d'Disziplinarrecht bei der CFL fir eng "Culture juste".

Dat wichtegst Uleies vum Landesverband ass, fir hire President Georges Merenz, d'Astellungspolitik: Et wieren net genuch Leit bei de CFL agestallt fir déi grouss Problemer vun der Eisebunn unzegoen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Lydie Polfer
Mobilitéit

D'Stater Buergermeeschtesch geet dovun aus, datt d'Zuel vun de Passagéier zouhëlt, wann den ëffentlechen Transport gratis gëtt. D'Gratuitéit géif d'Leit "net kaal loossen", seet d'Lydie Polfer.

2018-11-23-Koalitiounsgespréicher
Koalitiounsverhandlungen

DP, LSAP an déi gréng hunn e virleefege Kompromëss fonnt fir den ëffentlechen Transport gratis ze maachen. Als Géigepartie soll déi steierlech Kilometerpauschal reduzéiert ginn. D'Zuele sollen awer nach emol duerchrechent ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Noriichten

  • Aachtchen

  • Noriichten

Net verpassen

  • Krautwëschdag um radio 100,7

    krautwësch ouni Text

    De 15. August ass Léiffrawëschdag, en Dag op deem d'Natur an den Himmel am Mëttelpunkt stinn. De radio 100,7 proposéiert e Feierdagsprogramm.

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen