Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Johnny Marr - Lightning People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Couverture universelle ouni Perspektiven

Fräie Mikro

Eng Couverture universelle ouni Perspektiven

2022 gouf d'Couverture universelle zu Lëtzebuerg agefouert. Eng laangjäreg Fuerderung vun der Zivilgesellschaft. Mee ass domat den Zougang zur Gesondheetsversuergung wierklech méi einfach gi fir Mënschen, déi vum klassesche System ausgeschloss sinn? Dat freet d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

Am alleréischten Artikel vun der allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter steet: "All Mënsche gi fräi gebuer, mat gläicher Dignitéit a mat deene selwechte Rechter". Dozou gehéiert och d'Recht op gesondheetlech Versuergung fir jiddereen, onofhängeg vun senger administrativer a sozialer Situatioun.

D'Gesondheetsversuergung muss och fir vulnerabel Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, zougänglech sinn. Medezinesch Versuergung muss och ouni Sozialversécherung méiglech sinn an aus dem Staatsbudget bezuelt ginn, sou wéi dat an eisen Nopeschlänner scho säit Joren de Fall ass. Wien betrëfft dat iwwerhaapt?

Médecins du Monde: 1.400 Consultatiounen zu Lëtzebuerg am Joer 2021

Den Observatoire 2021 vu Médecins du Monde gëtt e gudden Iwwerbléck iwwer d'Gesondheetssituatioun zu Lëtzebuerg vun de vulnerabele Mënschen ouni Zougang zur Gesondheetsversuergung. Ronn 1.400 Leit hunn 2021 Médecins du Monde consultéiert. 56,7 Prozent liewen zanter méi ewéi engem Joer bei eis.

Zwee Drëttel kommen aus engem Land ausserhalb vun der Europäescher Unioun. Vill vun hinnen hu keng Openthaltsgeneemegung zu Lëtzebuerg. Si sinn heihinner komm op der Sich no enger besserer Zukunft. Nëmmen 3,2 Prozent soen, si wieren zu Lëtzebuerg fir sech gesondheetlech behandelen ze loossen. Dat widdersprécht dem Prejugé, datt vill Mënsche wéinst der Gesondheetsversuergung op Lëtzebuerg kommen.

Interessant ass ausserdeem, datt ënnert de ronn 370 Leit mat enger EU-Nationalitéit 85 Prozent keng Aarbecht fannen, well si keng Wunneng hunn. Nëmmen ee Véierel vun hinnen huet eng Adress iwwert eng Domiciliatioun bei engem Office Social. Firwat ass dat esou?

Ee restriktiivt Gesetz

D'Gesetz iwwert Domiciliatioun vun 2013 seet, datt nëmme Persoune mat enger Nationalitéit aus engem EU-Land, déi op d'mannst 5 Joer bei eis am Land gelieft hunn an och 5 Joer an enger Krankekeess ugemellt waren, eng Adress iwwer d'Sozialbüroen zu Lëtzebuerg kënnen ufroen. Keen Net-Europäer oder unerkannte Flüchtling - egal wéi laang hien hei am Land lieft - kann dat maachen. Vill Leit ouni Wunneng kënnen also guer keng offiziell Adress iwwer de Sozialbüro kréien a verléieren esou och den Usproch op aner Sozialrechter.

Huet d'Aféierung vun der Couverture universelle eppes dorun geännert? Den Ament kënne 5 sozial Organisatiounen eng Demande fir vulnerabel Mënschen un d'Sozialversécherung stellen, woubäi dës Mënsche musse beweisen, datt si enner anerem hei liewen ouni Revenu an ouni Ënnerstëtzung vun engem Office Social. Well se sech mat Geleeënheetsaarbechten iwwer Waasser halen, sinn der scho vill net eligibel.

Fundamental Ännerunge sinn néideg

Doriwwer eraus affiliéiere sech Leit, déi illegal zu Lëtzebuerg liewen, an der Reegel fräiwëlleg bei den Assurances sociales a bezuelen dofir 134 Euro de Mount, wat an hirer Situatioun vill Sue sinn. Si wëllen ënner kengen Ëmstänn dem Staat op der Täsch leien, well se soss riskéieren, ni eng Openthaltsgeneemegung ze kréien.

Et kann ee gespaant sinn op d'Evaluatioun vun der Couverture universelle, déi deemnächst soll gemaach ginn. Eent ass awer elo scho sécher: nëmmen duerch fundamental Ännerungen um Domiciliatiouns- an um Immigratiounsgesetz kënne mir engem Deel vun de vulnerabele Mënschen eng nohalteg Perspektiv op gesondheetlech Versuergung zu Lëtzebuerg bidden.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.