Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Parker - Executive Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Gedenkminutt fir wéi eng Affer?

Fräie Mikro

Eng Gedenkminutt fir wéi eng Affer?

D'Corona-Pandemie weist op en Neits, wéi schwiereg et fir d'Mënschen ass mat der Trauer, mat de Froe ronderëm Existenz an Doud eens ze ginn. Och op deem Plang ass dës Zäit eng Erausfuerderung. Dat ass mënschlech an dofir net ganz objektiv, mengt am Fräie Mikro d'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.

auto_stories

3 min

D'Isabelle Medinger ass fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière. Foto: Archiv

Kuerz virun de Feierdeeg huet d'Inneministerin eng Gedenkminutt fir d'Affer vun der Pandemie um nächsten Nationalfeierdag annoncéiert. Dat sécherlech aus positive Beweeggrënn, quasi als moralesch Ënnerstëtzung, zu engem Zäitpunkt, wou dee méi haarde Lockdown ganz ville Leit un d'Substanz gaangen ass.

Den Affer vum Covid gëtt also wärend engem Staatsakt geduecht, fir d'Tragik vun der sanitärer Kris ervirzehiewen.

Dat ass awer och eng Gratwanderung. Aner Leit, déi och verstuerwe sinn, kréien déi Éier net erdeelt. Firwat, kann ee sech froen. Wéi wann et eng Hierarchisatioun an der Dramatik vun den Doudesursaache géif ginn. Domat riskéiert ee Vergläicher ze provozéieren, déi net ubruecht sinn.

Et gëtt nach aner Beispiller: Den Tubak fuerdert weltwäit x Doudeger méi, wéi de Stroosseverkéier. Wat soll een dann als Konsequenz aus esou Géintiwwerstellungen zéien? Mir hunn et dacks schwéier den Doud ze erfaassen a mussen ëmmer iergendwéi no Vergläicher sichen.

Et gëtt kee sënnvollen Doud an et ass ëmmer eng Katastroph, wann een e Mënsch, deen engem nostoung, verléiert. Stierffäll sollen net kategoriséiert, awer se sollen och net verharmloost ginn.

D'Ausdrocksweis gëtt der Realitéit net gerecht

Wann een d'Faits divers an de Medie liest oder héiert, da mierkt een, datt sech do enger ganz spezifescher Ausdrocksweis bedéngt gëtt, déi sécherlech ganz onbewosst an ouni Hannergedanken gesot oder geschriwwe gëtt.

Trotzdeem gëtt dës Terminologie der dacks dramatescher Realitéit fir déi Betraffen net gerecht. Wann "zwee Ween sech ze pake kruten" oder net "laanschtenee koumen," wéi een héiert oder liest, esou ass dat dach e staarken Euphemismus.

E "Verkéiersaccident", wéi sech ausgedréckt gëtt, och wann et ganz dacks keng Fatalitéit ass, mee einfach e Feelverhalen, ass nämlech alles anescht wéi eng Bagatelle. Ech wëll nach eng Kéier betounen, datt ech dem Berichterstatter absolut keng Verharmlosung wëll ënnerstellen, vill méi wéilt ech dem Lieser oder Nolauschterer de Gedanke mat op de Wee ginn, un d'Realitéit hanner dem Fait divers ze denken.

Wat bleift vum Accident?

Datt iwwer Radio matgedeelt gëtt, datt eng Streck momentan zou ass, fir d'Chaufferen ze warnen, déi Streck net ze befueren, ass jo absolut legitim, mee den Dag duerno ze héieren oder ze liesen, datt "d'Streck hat misse gespaart ginn", ass eng total iwwerflësseg Informatioun.

Net nëmme well et jo eriwwer ass, mee all déi Bedeelegt um soi-disant Accident sech warscheinlech froen, ob dat dat eenzegt ass, wat vun deem fir si traumateschen Erliefnes iwwreg bleift a wat d'Ëffentlechkeet zeréckbehält. Ass et eng Info, datt een de Verkéier perturbéiert huet? Oder vläicht awer éischter, datt een deemno wéi liewenslänglech Sequellen dovun dréit?

Et ass net well déi Saachen ouni schlecht Hannergedanke gesot oder geschriwwe ginn, datt ee se net däerf hannerfroen.

Geneesou muss et erlaabt si sech ze froen, firwat den Asaz vum Grupp de Support psychologique fir betraffen Affer a Familljememberen ze betreien net systematesch ernimmt gëtt. Dat seet warscheinlech méi iwwer d'Realitéit vun engem Drama am Verkéier aus, wéi de Fait, datt d'Strooss gespaart war.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.