Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng geféierlech Repressiounsspiral

Fräie Mikro

Eng geféierlech Repressiounsspiral

D'lescht Woch goufen et direkt eng Partie dramatesch Police-Interventiounen, bei deene bis dato zwou Persoune gestuerwe sinn. Während Enquêten d'Responsabilitéitsfroe klären, stellt sech och d'Fro no enger méiglecher Wiesselwierkung tëscht enger ëmmer méi repressiver Legislatioun an dem Gewaltpotential säitens de Policebeamten. Dozou e Fräie Mikro vun der Juristin Véronique Bruck.

auto_stories

3 min

Wéi kann et dozou kommen, datt aus normale Kontrollen, bei deene jeeweils eng Persoun als suspekt, mee net geféierlech opfält, an enger Woch zwee Doudesfäll entstinn? D'Responsabilitéitsfroe ronderëm déi dramatesch Faits divers vun der leschter Woch sinn nach net gekläert, mee scho stellt sech ëffentlech d'Fro, ob d'Police hir Agente genuch dorop hin ausbilt, och a Geforesituatiounen hir Schutzpflicht par Rapport zu flüchtege Verdächtege seriö ze huelen.

Et huet een den Androck, datt eng direkt Interventioun méi wichteg ass, wéi verschidde fundamental rechtsstaatlech Prinzipien - dorënner d'absolut Noutwendegkeet, all Mënsch seng Grondrechter ze respektéieren. Et wëllt een de Flüchtege fänken, egal zu wéi engem Präis.

Natierlech stinn déi Zort muscléiert bis gewaltgelueden Interventiounen der Police net gutt zu Gesiicht. Et ass just eng Partie Joren hir, datt e Mann onbewaffnet d'Flucht ergraff huet an dobäi vun engem Beamten erschoss gouf. Just e puer Méint ass et hir, datt Mënscherechtler, déi fir en humanen Ëmgang mat Flüchtlinge manifestéiert hunn, während dem Prozess deen hinne gemaach gouf, der Police hir brutal Aart a Weis unhand vu Videoclippen nogewisen hunn.

Den Zoustand vum Rechsstaat

Et geet net duer ze soen, datt d'Police ënner Drock steet a selwer ëmmer erëm mat Gewalt konfrontéiert gëtt. Grad esou ongenügend ass awer och eng pauschal Haltung, déi der Police als sollech eng exzessiv Gewaltbereetschaft virgeheit.

Villméi spigelt der Police hir Aart a Weis den Zoustand vun eisem Rechtsstaat: Ëmmer méi Repressioun, ëmmer manner Toleranz fir Verhalen, dat, schonn iert et probéiert gëtt verstanen ze ginn, als anescht, ongewéinlech an dofir geféierlech gewäert, ofgelehnt an am Endeffekt sanktionéiert gëtt.

D'Police ass just déi visibelst Manifestatioun vun engem Muechtmonopol, dee seng Limitte wéi och seng Responsabilitéite verkennt. Déi läscht Jore sinn um legislative Plang e kloert Beispill dofir: Net just ginn ouni déi geréngsten Noutwendegkeet d'Burka verbueden an en nationalen Noutstand an der Verfassung verankert, et gëtt och no engem Platzverbot gefrot fir Leit ouni feste Wunnsëtz vun ëffentleche Plaze fort ze halen, no engem Code pénal fir Mannerjäreger, no ëmmer méi Méiglechkeeten, fir iwwer Fouillen, Kamera- an elektronesch Iwwerwaachung, Fräiheeten anzeschränken.

En Ëmdenke vun der Repressiounspolitik

Während mir aner, "Nation Branding" oblige, d'Chancëgläichheet bis an d'Stäre siche ginn, gëtt de Raum ronderëm déi, déi souwisou schonn am stäerkste marginaliséiert sinn, ëmmer méi enk. Et däerf een an deem Sënn net verwonneren, datt d'Tensioune sech multiplizéieren an d'Fronte sech verhäerten. Institutiounen, déi fir de Schutz vun de Schwächsten sollten agesat ginn, gi vun de sozial an ekonomesch Privilegiéiertste verbéit, an dat huet natierlech en Afloss op de Rescht vun der Gesellschaft. Mir fuerderen net just eng absolut Sécherheet, déi et sou net gëtt an net wënschenswäert ass, mee och Äntwerten am Sekonnentakt. Datt d'Police déi Injonctioun mat Momenter ze vill seriö hëlt, ass net fundamental iwwerraschend.

Wëllt een déi Zort Exaktioun verhënneren, ass et awer un den Institutiounen - virop un der Justiz an der Chamber - richtungsweisend ze agéieren. Mir brauchen e fundamentaalt Ëmdenke vun eiser Repressiounspolitik a -Legislatioun. Déi muss eng inklusiv a solidaresch Gesellschaft fërderen, eng Gesellschaft an där jiddereen - och Mënschen, déi eng Strofdot begaangen hunn - seng Plaz fënnt an op Rehabilitatioun hoffen däerf. Wie Mënschen ëmmer méi an den Eck dréckt, dee verschäerft d'Spannungsverhältnis an hëlt a kaf, datt am Endeffekt Mënsche stierwen. Et ass virun allem dat, wat déi rezent Faits divers illustréieren, an dat sollt eis dach vläicht - op d'Mannst virun der nächster Serie vu repressive Mesuren - ze denke ginn.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.