Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Gefor fir déi national Sécherheet"

Geheimdéngscht: Reform vun der Clearance-Prozedur

"Eng Gefor fir déi national Sécherheet"

De Staatsministère geet net op d'Fuerderung vun der Personaldelegatioun vum Geheimdéngscht a fir en ëmstriddene Gesetzesprojet zréckzezéien. D'Delegatioun hat virun dräi Woche gemengt, déi geplangte Reform vun de Sécherheetsenquêten iwwer Persounen, déi Accès op klassifizéiert Dokumenter brauchen, géif net den internationale Standarden entspriechen. Dat kéint fir international Partner e Vertrauensbroch sinn. De Staatsministère deelt déi Kritik net.

auto_stories

5 min

D'Regierung hätt guer keen Interessi drun d'Positioun vu Lëtzebuerg par Rapport zur EU oder der NATO ze schwächen, äntwert de Staatsministère op Nofro hin. Virun zwee Joer hätt d'NATO eng Inspektioun hei am Land gemaach. Dobäi wier och de geplangte Gesetzesprojet ënner d'Lupp geholl ginn. D'NATO hätt keng Kommentaren iwwer de geplangten Accès zu den Datebanke gemaach.

Wie stuuft eng Persoun als vertrauenswierdeg an?

Ee vun den Diskussiounspunkten ass, datt et bei den Enquêtë fir eng Clearance fir klassifizéiert Dokumenter zanter sechs Joer keen Accès méi op de kompletten Dossier aus den Datebanke vun der Police an der Justiz gëtt.

De Staatsministère confirméiert dat indirekt: d'Enquêteure kéinte sech fir déi Informatiounen un de Parquet Général wenden. Wëll heeschen: de Parquet mécht d'Appreciatioun, ob eng Persoun als vertrauenswierdeg anzestufen ass, an net méi den Enquêteur selwer.


Lauschterenplay_arrow


Dat ass net nëmmen an der Reform vum Clearance-System esou virgesinn, mee an der Praxis schonn zanter 2015 de Fall, esou d'Delegatioun vum Srel. Wéi mir dat confirméiert kruten, huet de fréiere Srel-Direkter Patrick Heck déi Ännerung am Hierscht 2015 schrëftlech beim Premier kritiséiert.

Mam geplangte Gesetz géif Lëtzebuerg riskéiere géint international Oplagen ze verstoussen, seet den Direkter vum Centre de recherche sur le renseignement. An dat kéint eng Gefor gi fir déi national Sécherheet, seet de franséischen Expert Eric Denécé.

Eng adequat Sécherheetsiwwerpréiwung

Fir hir Opträg erfëllen ze kënnen, misste Geheimdéngschter Sécherheetsiwwerpréiwunge vu Persoune maache kënnen, seet de Geheimdéngschtexpert. Dat fir ze verhënneren, datt Leit, déi - virun allem a staatlechen - Institutioune mat sensibelen Informatioune schaffen, dës Informatiounen un Drëtter weiderginn.

Fir déi Sécherheetsiwwerpréiwunge kënnen duerchzeféieren, misst ee Geheimdéngscht Accès op sämtlech Informatiounen an Datebanke hunn, beispillsweis op Police- a Justizdatebanken, sou den Eric Denécé. De Gesetzesprojet 6961 géif dem Geheimdéngscht dëse wichtegen Accès awer nëmmen zu engem Deel ginn.

Eng adequat Sécherheetsiwwerpréiwung kéint och just duerchgefouert ginn, wann déi iwwerpréifte Persoun, dat net géif matgedeelt kréien, sou de Geheimdéngschtexpert, well si dann hiert Verhale géif änneren an Informatiounen, déi dës Persoun kéinte kompromettéieren, géife feelen.

Als Beispill nennt den Eric Denécé ee potentiellen Duebelagent, dee fir de russeschen oder chinesesche Geheimdéngscht schaffe a säin iwwergeuerdenten Offizéier reegelméisseg gesäit. Wann dësen Agent doriwwer informéiert gëtt, datt de Srel eng Sécherheetsiwwerpréiwung mécht, géif hien de Kontakt mam russeschen oder chinesesche Geheimdéngscht fir eng Zäitchen ofbriechen.

Lëtzebuerg riskéiert internationalen Obligatiounen net méi nozekommen

D'Aart a Weis, wéi de Lëtzebuerger Geheimdéngscht d'Sécherheetsiwwerpréiwunge bis ewell geréiert huet, wier richteg gewiescht an hie kéint net verstoen, firwat dat elo soll geännert ginn, seet den Eric Denécé. Lëtzebuerg géif mam geplangte Gesetz riskéiere fir sengen Obligatiounen am Kontext vun der NATO net méi nozekommen.

"Le Luxembourg risquerait de se voir écarté des échanges intra-Union européenne et intra-OTAN de renseignement ... pas de circulation de données, écartés des réunions sur lesquelles on échange l'information, parce que les autres états - et je sais que ça serait l'attitude de la France et de la Belgique et d'Allemagne en disant: "mais vous ne pouvez pas m'envoyer à une réunion avec nos spécialistes du renseignement et de la sécurité quelqu'un dont on n'est pas sûr, qu'il ne travaille pas pour l'étranger ou tout simplement qui n'a pas la formation ou le comportement qui nous assure qu'il restera discret"."

An der Konsequenz kéinte Partnerstaate eventuell decidéiere fir keng Renseignementer am Beräich vun der Spionage méi ze deelen, wat e Risiko fir déi national Sécherheet géif duerstellen, sou den Expert.

Fir datt de Geheimdéngscht seng Aarbechten an deem Beräich kéint weider maachen, géif et duergoen, wann d'Regierung de Gesetzesprojet géif deementspriechend ëmänneren. Well zu Lëtzebuerg esou vill wichteg EU-Institutioune wieren, géif de Sujet vun de Sécherheetsiwwerpréiwunge fir de Lëtzebuerger Geheimdéngscht ëmsou méi wichteg, sou den Eric Denécé.

Wann de gesetzleche Kader seriö opgestallt wier an eng adequat parlamentaresch Kontroll iwwer d'Geheimdéngschter kéint garantéiert ginn, wiere méiglech Gefore fir d'Demokratie och maitriséiert, sou den Eric Denécé.

Clearence baussent dem Srel?

E weideren Diskussiounspunkt ass, datt d'Regierung an déi zoustänneg Chamberkommissioun Wëlles hunn, fir déi Tâche vun de Sécherheetskontrollen aus dem Geheimdéngscht erauszehuelen. Et soll en neit Etablissement dofir gegrënnt ginn.

De Staatsministère argumentéiert, déi Sécherheetskontrolle wieren eng reng administrativ Aufgab. D'Personaldelegatioun argumentéiert, datt des Missioun soll bannent dem Srel bleiwen. Wéi Reporter.lu de Moie schreift, ass dëst awer néierens soss an de Länner ronderëm Lëtzebuerg eng separat Administratioun, mee eng Aufgab vun de Geheimdéngschter, sou wéi et den Ament zu Lëtzebuerg och nach de Fall ass. An eisen dräi Nopeschlänner ass notamment och den Accès vun den Enquêteuren op d'Police- a Justizdatebanken manner restriktiv gereegelt.

De Staatsministère mécht awer eng kleng Ouverture. D'Aarbechten un der Reform, déi zanter fënnef Joer am Gaange sinn, wieren nach net ofgeschloss.


Am Kader vun dëser Recherche huet de radio 100,7 Interviewen zesumme mat Reporter.lu gemaach.