Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng geplangten Héichspannungsleitung suergt fir Diskussiounen

Creos zu 380 kV-Leitung

Eng geplangten Héichspannungsleitung suergt fir Diskussiounen

D'Creos reagéiert op d'Diskussioune ronderëm déi geplangten nei Héichspannungsleitung duerch den Uelzechtdall: Si géif sech bei deem Projet un all Reegelen a Bestëmmungen halen, sot e Spriecher vum Stroumnetzbedreiwer am 100,7-Interview. Also och un d'Obligatioun, fir eng Ëmwelt-Impaktstudie ze maachen. De geneeën Tracé géif eréischt opgrond vun de Conclusiounen aus där Etüd festgeluecht ginn. An och d'Fro, ob d'Leitung iwwer- oder ënnerierdesch verluecht gëtt, géif eréischt duerno gekläert ginn. Déi nei Leitung ass néideg, fir mëttelfristeg genuch Stroum aus Däitschland kënnen ze importéieren. Déi aktuell Capacitéite ginn nämlech geschwënn net méi duer fir de Besoin ze decken.

auto_stories

2 min

Covid ass u villem Schold. Och dorun, datt der Creos hire Plang net opgaangen ass: dee prezisen Zäitplang nämlech, dee si sech ginn hat fir ronderëm de Projet vun där 380 Kilo-Volt-Leitung ze communiquéieren. De Virus huet dee Prozess ënnerbrach. Den Alex Michels, dee bei der Creos fir d'Infrastrukturen zoustänneg ass, erkläert, wéi et elo weidergeet:

"Et ass elo geplangt, datt mer déi zweet Hallschent September, also no der Rentrée, wann d'Leit erëm heiheem sinn, datt mer da mat der offizieller Kommunikatioun virufueren."

Do virdru ginn et keng Detailer vun der Creos - bis op de formellen Engagement, datt sech un all Reegelen a Bestëmmunge wäert gehale ginn. Also och un d'Obligatioun eng Ëmwelt-Impaktstudie ze maachen:

"Déi Ëmwelt-Impaktstudie huet nach net ugefaangen, déi wäert respektéiert ginn. A well do nach guer näischt gemaach gouf, ass och nach guer keen Tracé definéiert. Et ass nach net definéiert wat, wou, wéi gebaut gëtt ..."

... dofir wär de Projet bis elo net méi wéi e Stréch op der Kaart, esou den Alex Michels. Ob d'Leitung herno iwwerierdesch verleeft oder ënnerierdesch verluecht gëtt, géif och eréischt herno op der Basis vun de Conclusiounen aus der Impaktetüd decidéiert ginn. Eng nei, méi performant Verbindung ass (laut Creos) néideg, fir mëttelfristeg méi Stroum wéi bis elo aus Däitschland op Lëtzebuerg kënnen ze transportéieren ... wat batter néideg ass: schonn ufanks 2018 waren d'Capacitéiten zu ronn 80 Prozent ausgelaascht, huet et deemools an engem Rapport geheescht. Mat engem Google Datacenter kéint et schonn 2025 net méi duergoen. Soss eben spéitstens dräi oder véier Joer drop.