Radioen

On air

Tockcity  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Hëllef fir Chaufferen?

Taxi-App

Eng Hëllef fir Chaufferen?

Eng nei Taxi-App versprécht zanter der leschter Woch Virdeeler fir d'Konsumenten a fir d'Chauffeuren. Den OGBL warnt an deem Kontext viru Schäiselbststännegkeet. Eng Kritik, déi d'Createure vun der App net novollzéie kënnen.

auto_stories

2 min

Déi nei Taxi-App fonctionnéiert ähnlech wéi Uber. Foto: Bigstock / axelbueckert.

Bis elo hätte sech 68 Chaufferen ugemellt an dës Woch géifen der nach 17 dobäikommen, esou de Renzo Bellanima vu Taxiapp.lu. Et wiere gréisstendeels Independanten, awer och e puer kleng Entreprisen.

Ähnlech wéi Uber

D'Chauffere vun der Taxi-App hunn hir eegen Autoen a si hu keng Obligatioun d'App ze benotzen. Wa si d'App benotzen, da musse si tëscht fënnef an zéng Prozent un de Patron ofginn, erkläert de Renzo Bellanima. D'Tariffer sinn op minimum 1,99 Euro pro Kilometer fixéiert, dat wier ronn 70 Cent méi niddereg wéi déi aktuell Duerchschnëttspräisser. D'App funktionéiert wéi Uber, mam Ënnerscheed, datt d'Chaufferen hei eng Taxislizenz hunn, déi si musse beim Staat ufroen.

Fir de Romain Daubenfeld vum OGBL ass dat awer "Uber duerch d'hënnescht Dier":

"Doduerch, datt et Onofhängeger sinn, si se jo net méi an engem Aarbechtsverhältnis an doduerch, datt si net méi an engem Aarbechtsverhältnis sinn, kënne si do een Deel vun de Käschte spueren a si maachen dann deenen, déi hir Leit richteg umellen, Konkurrenz an dat ass ee geféierlechen Terrain."

De Chaufferen d'Liewe méi einfach maachen?

Ongeféier d'Hallschecht vun den Taxischaufferen, déi bei der Federation des artisans Member sinn, sinn Independanten, déi fir sech selwer fueren, heescht et op Nofro hin. De Renzo Bellanima seet sengersäits, et kéint een net genee soen, wéi vill Clienten datt d'Taxi-App de Chauffere géif vermëttelen, mee d'App kéint den Taxischaufferen d'Liewe méi einfach maachen.

Vill vun hinne géifen nämlech laang tëschent Cliente waarden. Dat wier och de Grond, wisou datt vill Taxischauffere sou laang géife schaffen: Dacks géife si an hirer regulärer Schaffzäit vun aacht Stonnen hire Chiffre d'affaires net erreechen.

De Konsumenteschutz, dee sech an der Lescht vill fir méi niddreg Taxistariffer staark gemaach huet, wëll fir den Ament nach keng Stellung zu där neier App huelen.


D'Fanny Kinsch am Panorama, den 22. Januar um 7 Auer:

Lauschterenplay_arrow