Radioen

On air

Notturno  |  The Feelies - Stay The Course

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Helpline fir Betriber zu Lëtzebuerg

Brexit

Eng Helpline fir Betriber zu Lëtzebuerg

"Wéi preparéieren ech mäi Betrib op de Brexit?" Op dës Fro soll déi rezent ageriichten Helpline vun der Chambre de Commerce deene Betriber zu Lëtzebuerg Ried an Äntwert stoen, déi direkt an indirekt vum Brexit betraff sinn. Fir déi divers Froen ze klären, steet den Entreprisen eng multidisziplinär Equipe mat hirer Expertise zur Säit.

auto_stories

3 min

Den 21. Januar gouf d'Helpline bannent dem Service fir international Affären an der Chambre de Commerce an d'Liewe geruff. De Jeannot Erpelding, Direkter fir International Affären an der Chambre de Commerce erkläert, datt dat eng kleng multidisziplinär Equipe ass, wou ënner anerem Ekonomisten oder Spezialiste fir Affaires européennes schaffen.

Zesummenaarbecht mat Ministèren

Consultatioune gi per Mail oder Telefon ugefrot. Am Idealfall kann de Service Helpline direkt eng Hëllefsstellung ubidden, esou d'Anne-Catherine Fohl, Attachée fir International Affären an der Chambre de Commerce. Bei méi spezifesche Froe géif een zesumme mat deene verschiddene spezialiséierten Administratioune vun de Ministèrë schaffen.

No Récksprooch mat den Experte ginn déi eenzel Informatioune gesammelt an dem Demandeur de consultation an enger zougeschniddener Äntwert iwwermëttelt. Déi eenzel Froen, déi bei der Helpline gestallt ginn, variéieren zwar, esou d'Anne-Catherine Fohl, mee am dackste géif sech iwwer d'Formalitéit vum Import vu Wueren informéiert ginn, genee wéi beim Export vu Wueren. Eng aner Fro, déi dacks gestallt géif ginn, géif britesch Employéen an hiren Droit de séjour, Droit de travail oder d'Sécurité social betreffen.

Nieft Entreprisë mat Sëtz zu Lëtzebuerg, géifen och vereenzelt Ufroe vun Entreprisë mat Sëtz a Groussbritannien eragoen. D'Prioritéit géif awer bei de lëtzebuergesche Betriber leien, esou d'Anne-Catherine Fohl weider. D'Unzuel un de Consultatioune konnten déi Responsabel vum Service net chiffréieren.

Zuel vun de Froe geet an d'Luucht

An der leschter Zäit hätten d'Froen awer zougeholl. Dat géif engersäits dorunner leien, datt een dem Stéchdatum vum Brexit ëmmer méi no géif kommen, an anerersäits wier d'Brexit-Helpline Ufank Februar richteg lancéiert ginn. "Mir ginn och dovunner aus, datt elo an Zukunft effektiv nach méi Froe wäerte kommen, wann alles e bësse méi konkret gëtt", esou d'Anne-Catherine Fohl.

Spréch, wéini sech decidéiert, ob a wéi de Brexit zustane kënnt. D'Helpline wier een Deel vun enger gréisserer Sensibiliséierungscampagne, fir d'Entreprisen zu Lëtzebuerg op d'Suittë vum Brexit an déi noutwenneg Preparatiounen opmierksam ze maachen. Preparatiounen, déi gréisser Betriber dacks scho getraff hätten, kleng Betriber awer net, esou de Jeannot Erpelding. D'PMEe géifen éischter ofwaarden a wiere manner gutt preparéiert.

Wien ass alles vum Brexit betraff?

Eng jett Betriber wiere sech eben net wierklech bewosst, a wéi wäit de Brexit hir Aarbecht beaflosse kéint, esou de Jeannot Erpelding weider. Déi géifen en Cours de route mierken, datt si indirekt betraff sinn a ware sech guer net bewosst, datt si duerch de Brexit e Problem kéinte kréien. Als Beispill nennt de Jeannot Erpelding Firmen, déi Stécker oder ganz Maschinnen aus Däitschland bezéien, ouni konkret ze wëssen, vu wou all Deeler kommen. Géif et sech ëm Bestanddeeler aus Groussbritannien handelen, wier de Risiko, datt déi "iergendwou op der Grenz hänke bleiwen".

Den 29. Mäerz ass de Stéchdatum fir den Austrëtt vum Vereente Kinneksräich aus der Europäescher Unioun. D'Helpline vun der Chambre de Commerce gëtt iwwer dësen Delai eraus ugebueden.