D'Immigratioun an eng méiglech Reform vun den amerikaneschen Immigratiounsgesetzer war scho laang virum Donald Trump en Thema an der amerikanescher Politik. Mee den Dag, wou de Milliardär vun New York a sengem Trump Tower seng Kandidatur annoncéiert huet, do ass den Debat méi radikal ginn, an elo wësse mir et, do huet fir déi éischte Kéier de Mann, dee géif President ginn, iwwer eng Mauer geschwat.
Eng Propositioun, iwwer déi am Ufank gelaacht ginn ass
Et war eng extrem Aart a Weis op sech opmierksam ze maachen, eng Propositioun, déi ni géif eescht geholl ginn, an et ware Wierder, déi méi onpresidentiell net konnte sinn. Eng Mauer wollt hie bauen, op der ganzer Grenz mat Mexiko, well nëmmen déi schlëmmst Leit an d'Land komme wollten. Krimineller, Drogendealer, Männer, déi Frae vergewaltegen. Dat waren d'Wierder vun engem Kandidat, dee keng Chance hat ze gewannen, e Mann, dee wollt um Fernseh gesi ginn, an deem seng Iddie mol net kritiséiert goufen, nee, et gouf just iwwer hie gelaacht.
Elo sinn dem Donald Trump seng Wierder a seng Propositioune Mainstream. Well méi Mainstream wéi d'Wäisst Haus geet et kaum. Seng Mauer gëtt zwar net gebaut, mee d'Iddi gëtt a Gesetzesprojeten debattéiert, an den Donald Trump ass d'lescht Woch esouguer bis op d'Grenz mat Mexiko a Kalifornien gereest, fir en Deel vun der Mauer ze weisen. Op deem Deel hänkt e sëlwert Schëld mat sengem Numm drop, och wann dee klengen Deel Mauer scho während der Obama-Regierung den offiziellen OK krut.
D'Iddi mussen eescht geholl ginn
D'Mauer soll gebaut ginn, dat jäizen dem Trump seng Supporter bei all Wahlmeeting an esouguer bei méi offiziellen Evenementer am Wäissen Haus.
Dem President seng Iddie mussen eescht geholl ginn, well hien ass numol President. Esou schlëmm ass d'illegal Immigratioun aus Zentralamerika, datt seng nei Iddi d'lescht Woch war, fir déi ganz Grenz zouzemaachen. Dat sot den Trump um Ufank vun der Woch, zum Schluss vun der Woch huet hien d'Iddi nees fale gelooss.
Mee während där Zäit huet all Noriichtesendung dës extrem Léisung seriö diskutéiert, all Parlamentarier huet misse seng oder hir Meenung dozou ofginn, an d'Wäisst Haus huet missen ausrechnen, wéi deier esou eng Schléissung vun der Grenz kéint ginn, a wéi esou eppes logistesch iwwerhaapt méiglech wier.
Eng finanziell Katastroph
Am Endeffekt hu genuch Experten dem President an d'Ouer gepëspert, datt esou eng Schléissung vun der ganzer Grenz eng finanziell Katastroph fir d'USA wier.
Mee egal wéi waren d'Grenz an d'Immigratioun nees Thema Nummer eent an Amerika. Dat wëllt de President esou. Hie portraitéiert e Land, dat iwwerwältegt ass vun de ville kriminellen Immigranten, déi senger Meenung no an d'Land gelooss ginn. Och wëllt hie kloerstellen, datt just hien de Problem léise kann, an datt d'Demokraten d'Grenze wëlle wäit opmaache fir déi vill schlëmm Leit, déi den Donald Trump deemools a sengem Tuerm als Krimineller an Drogendealer beschriwwen hat. Eng krass Iddi, déi elo am Mainstream ukomm ass.