Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng institutionell Kris verhënneren"

Riicht Eraus

"Eng institutionell Kris verhënneren"

Fir de Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel wier d'Margrethe Vestager eng ideal Besetzung fir de Poste vum Kommissiounspresident. Déi dänesch Politikerin, déi Member vun der Kommissioun Juncker an do fir de Portefeuille Konkurrenz zoustänneg war, ass d'Kandidatin vun der liberaler europäescher Parteiefamill. Sollt si den Job kréien, wieren déi Liberal "gutt zerwéiert", seet de Premier. A si wieren domat wuel och aus der Course, fir nach ee vun den dräi anere Spëtzeposten ze kréien, déi nei ze besetze sinn.

auto_stories

3 min

De Premier Xavier Bettel hält um Nicolas Schmit als Lëtzebuerger EU-Kommissär fest

Dozou gehéiert och den nächste President vum EU-Conseil. De Xavier Bettel confirméiert, datt hien ugeschwat ginn ass - "net nëmme vu Liberalen"" - ob hie sech dee Poste fir sech virstelle kéint. Hien hätt senge Kolleegen am Krees vun de Staats- a Regierungscheffen awer matgedeelt, datt hien net Kandidat wär.

De Lëtzebuerger Premier zielt drop, datt d'Personaldecisiounen, déi elo an der EU ustinn, an engem Package geholl ginn, deen dem Resultat vun den Europawahle Rechnung dréit, an an deem déi grouss pro-europäesch Parteiefamille sech herno och alleguer erëmfannen. Him wier et och wichteg, eng institutionell Kris ze verhënneren. An dofir wéilt hien "net e Kandidat ënnerstëtzen, wou ech pertinemment weess, datt en duerno am Europaparlament keng Chance huet." Dofir wier e breede Konsens am Conseil an am Europaparlament an och tëschent béiden Institutiounen néideg.

Kritik u System vu Spëtzekandidaten

De Xavier Bettel huet och nach eemol seng Kritik um System vun de Spëtzekandidaten erneiert. Hie kéint "et net méi héieren", wa gesot gëtt, et wier en demokratesche Choix vun den europäesche Wieler, wann de Spëtzekandidat vun der stäerkster Partei och automatesch Kommissiounspresident géif ginn. Déi Spëtzekandidate géife jo, wann iwwerhaapt, héchstens an hirem Heemechtsland untrieden.

Hie wier dofir, de Leit an alle Länner d'Méiglechkeet ze ginn, sech op hirem Wahlziedel fir ee vun den europäesche Spëtzekandidaten ze entscheeden, egal wou si liewen. Nëmmen an esou engem Zeenario kéint een dann och vun enger wierklecher demokratescher Legitimatioun schwätzen. Woubäi et souguer do keen Automatismus géif ginn, well jo all Kandidat fir President ze ginn, ëmmer nach eng Majoritéit am Europaparlament misst kréien, sou de Xavier Bettel.

Xavier Bettel hält um Nicolas Schmit als Kommissär fest

De Lëtzebuerger Regierungschef steet och nach ëmmer zu der Decisioun, déi am Kader vun de Koalitiounsverhandlunge geholl gi war, fir den Nicolas Schmit als Lëtzebuerger Member vun der nächster Kommissioun ze proposéieren. "Ech sinn iwwerzeegt, datt de Nicolas Schmit en excellente Kommissär géif ginn.", seet de Xavier Bettel, weist awer drop hin, datt keng Regierung hire Kandidat imposéiere kann. Et wier um nächste Kommissiounspresident, Profiller auszeschaffen.

Wann den Nicolas Schmit d'Kompetenze fir de Ressort hätt, dee Lëtzebuerg proposéiert hätt, da géif hie fir säi fréieren Aarbechtsminister kämpfen: "An da kann een net soen, well et e Mann ass, datt dat dann einfach net geet." Déi nächst Kommissioun soll jo paritéitesch besat ginn.

DP: Mat enger gudder Lëscht d'Europawahle gewonnen

Iwwer d'Resultat vu senger Partei bei den Europawahlen hei zu Lëtzebuerg ass de Xavier natierlech ganz frou. D'DP war jo als stäerkst Partei ervirgaangen. Et géife verschidden Erklärungen dofir ginn: e gudde Programm, eng gutt Equipe mat engem Charel Goerens un der Spëtzt, dee fir seng "excellent Aarbecht an de leschte Jore belount" gi wier. D'Tatsaach, datt déi dräi Regierungsparteien eng éischte Kéier zesummen iwwer 50 Prozent vun de Stëmme kruten, deit de Premier awer och als Ausdrock vun der Zefriddenheet mat der Regierungsaarbecht.

Besonnesch frou ass de Premier, datt d'Monica Semedo an d'Europaparlament gewielt ginn ass. D'Leit hätte während dëser Campagne erkannt, datt et falsch wier, déi jonk Fra just op hir fréier Gesangstalenter a Moderatiounsqualitéiten ze reduzéieren