Kritik um Minister "Eng kloer Violatioun"

De François Bausch hätt sech duerch säi Bréif un d'Procureure générale an d'Justiz agemëscht. Där Meenung ass de Luc Heuschling, Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg. Den Infrastrukturminister hat sech am Schreiwes d'lescht Joer erstaunt iwwer d'Virgoensweis vum Parquet géintiwwer Ponts et Chaussées gewisen.

Françoise Keller / cz

Luc Heuschling
De Luc Heuschling ass Jurist a Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg

Ee Substitut vum Parquet hat den Affekot vun engem Mataarbechter vu Ponts et Chaussées nämlech schrëftlech doriwwer informéiert, datt wann d'Verwaltung net fir eng Partie Indemnisatioune géif opkommen, da géif de Parquet sech preparéiere fir dem Direkter vu Ponts et Chaussées eng Citatioun fir eng "audience correctionelle" ze schécken. Hannergrond sinn eng Partie Motorrads-Accidenter virun zwee Joer wéinst engem Chantier vu Ponts et Chaussées. D'Virgoensweis vum Parquet an dësem Fall wier relativ üblech, esou de Luc Heuschling.

Datt de Minister - an net den Affekot - intervenéiert ass, gesäit de Luc Heuschling kritesch.

"Well an deem Bréif steet näischt, ausser just dem Saz, datt den Här Bausch als Ministre de l'équipement iwwerrascht wier iwwer déi Prozedur. An dat ass alles. 't ass dee Saz. An dee Saz dréckt jo just aus - dee soll jo een Impakt hunn. Deen Impakt soll sinn, datt déi Prozedur sech soll änneren. Mee op wéi enger Basis? Gëtt do iergendee juristescht Argument, iergend eng Tatsaach opgeféiert? Nee, guer net. Dat wat mobiliséiert gëtt, ass just d'politesch Autoritéit vun engem Minister."

Wier d'Situatioun dann eng aner gewiescht, wann de Minister Bausch zum Beispill juristesch Argumenter ernimmt hätt? Jo, mengt de Luc Heuschling, well an deem Fall hätt ee kënnen argumentéieren, datt de Minister Bausch "e bëssen d'Roll vum Affekot spillt". Mee och dat wier keng propper Léisung gewiescht, well Affekote fir juristesch Verdeedegung zoustänneg sinn.

D'Gewaltentrennung géif hei am Land virgesinn, datt de Parquet an enger gewësser Relatioun mat der Regierung géif stoen - allerdéngs nëmme mam Justizminister. Dat géif den Artikel 19 vum Code de procédure penale festhalen. Mee souguer de Justizminister dierf de Parquet net froe fir eng Justizaffär zouzemaachen, sou de Luc Heuschling.

"Domat si mir hei ganz kloer an enger Violatioun vum Artikel 19, well et ass net de Justizminister, deen hei schwätzt. A souguer wann et de Justizminister wier, dann hätt en dat net kënne froen, wat implizit den Här Bausch an deem Bréif freet."

Datt de François Bausch duerch e Mësstrauensvott demissionéiere misst, wier allerdéngs onwahrscheinlech, esou de Jurist Luc Heuschling. Den CSV-Parteipresident Frank Engel hat dem Infrastrukturminister seng Demissioun rezent an d'Gespréich bruecht.

Den Infrastrukturministère hat d'lescht Woch op Nofro hi matgedeelt, datt vun enger Amëschung vum François Bausch an d'Justiz keng Ried kéint sinn. Et wier eng "legitim Nofro iwwer d'Virgoensweis" vum Parquet an dësem Fall, esou seng Spriecherin Dany Frank.


De Bäitrag vum Françoise Keller:

Lauschteren


Aktualiséierung vum 17. Abrëll: De Bréif vum François Bausch géif dem Luc Heuschling no och net géint de Code pénal verstoussen. Den Artikel 141 géif nämlech ganz präzis Aktioune virgesinn, déi hei net zoutreffen.

De Minister François Bausch kéint dowéinst juristesch net ugesicht ginn. Fir de Luc Heuschling ass dowéinst déi eenzeg Sanktiounsméiglechkeet iwwer d'Verfassung. D'Parlament misst hier Kontrollfunktioun ausüben.

Méi zum Thema

De Frank Engel an de François Bausch
Kritik um Minister

Den CSV-President bréngt d'Demissioun vum François Bausch an d'Gespréich. Hannergrond ass ee Bréif, deen de Mobilitéitsminister un d'Procureure générale d'Etat geschriwwen huet.

Frank-Engel.jpg Interview
CSV

Den neien CSV-President Frank Engel ass net averstanen mat der Kritik u sengem Engagement bei enger privater Militärfirma. Reporter.lu hat den Dënschdeg iwwer säi Verwaltungsrotsposte bei der Global Strategies Holding bericht.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen