Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng komplex Matière"

Naturschutz

"Eng komplex Matière"

De Staatssekretär am Ëmweltministère ass zouversiichtlech, datt dat geplangt neit Naturschutzgesetz nach dës Legislatur duerch d'Chamber geet. Trotz 27 formellen Oppositiounen am Avis vum Staatsrot. De Staatsrot hätt keng fundamental Kritik um Fong gemaach, seet de Camille Gira. D'Kärstéck vum neie Gesetz ass e "Flächekompensatiounspool": De Staat huet schonn 200 Hektar Land kaaft, an deen d'Promoteuren engem Punktwäert no finanziell kompenséieren.

auto_stories

2 min

De Staatsrot hätt de Gesetzprojet net am Fong a Fro gestallt, hieft de Staatssekretär ervir. War de Gesetzprojet schlecht geschriwwen? "Dat kann ech net soen, mir hu laang un deem Text geschafft." Datt de Staatsrot esou vill formell Oppositioune geschriwwen huet, hätt mat der Komplexitéit vun der Matière ze dinn, seet de Camille Gira. Hie rechent domadder, datt d'Gesetz nach dës Legislatur duerch d'Chamber geet. Den Ëmweltministère géif schonn un Amendementer schaffen.

Kompensatiounen, Flächepooler a Punktwäerter

Ee wichtegt neit Element vum Gesetz si "Flächepoolen", déi de Staat opkeeft, fir bebaute Flächen ze kompenséieren. Iwwert d'Land verdeelt ginn am Virfeld vu Bauprojeten sou Poole geschaaft, déi no Punkte geréiert ginn. E Promoteur, dee fir säi Bauprojet Biotopen zerstéiere muss, muss dann am Kader vun der Autorisatiounsprozedur eng Evaluatioun vun der Zerstéierung maachen. De Promoteur muss d'Zerstéierung bezuelen, de Präis gëtt un der berechenter Punktzuel festgemaach.

Ee Punkt wäert 1,5 bis 2 Euro kaschten, seet de Camille Gira. Op déi Manéier kéinte kohärent, sënnvoll, zesummenhängend a gréisser Fläche fir d'Natur entstoen. Dat géif méi Sënn maachen, wéi wann e Promoteur isoléiert op engem klengen Terrain e puer Beem planzt fir ze kompenséieren. Eng integréiert Kompenséierung tëscht Naturschutz a Waasserschutz géif méi bréngen.

Limitéiert Virkafsrecht a Réckgang vu Flächeverbrauch

De Staat huet mëttlerweil an den Naturschutzzonen 200 Hektar Land fir Kompensatiounsfläch opkaaft. Ouni op d'Virkafsrecht zréckzegräifen. Mat de Leit schwätze géif méi bréngen, seet de Staatssekretär am Ëmweltministère. Beim Kafpräis hätt sech de Ministère eng Limitt vu 500 Euro den Ar gesat. Virkafsrecht vun Terraine gëtt limitéiert op d'Ukafe vu Flächen, déi an national Naturschutzzone solle kommen. Dat wäerte fënnef bis sechs Prozent vun der Landfläch sinn, dorënner wier och vill Bëschfläch, seet de Camille Gira.

De Flächeverbrauch wier an de leschte Joren zolidd zréckgaangen. An den 90er Jore wiere bis zu 900 Hektar d'Joer versigelt ginn. An de Joren 2000 bis 2010 wieren et 300 Hektar d'Joer gewiescht. An zënterhier wären et just nach 200 Hektar d'Joer, déi versigelt a verbaut ginn. Fir de Camille Gira bedeit dat, datt een op der anerer Säit 50 Hektar Land d'Joer brauch, fir ze kompenséieren.