Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng komplizéiert Welt"

Aussepolitik

"Eng komplizéiert Welt"

De Lëtzebuerger Ausseminister kritiséiert d'USA, d'Tierkei an Israel wéinst hirer Politik am Noen Osten. De Jean Asselborn regrettéiert, datt d'EU an der Aussepolitik net méi esou geschlossen do steet wéi nach virun 10 Joer. Fir de LSAP-Politiker ass den Etienne Schneider déi richteg Persoun an der LSAP fir d'Politik vun dëser Regierung ze verteidegen. D'Partei soll ophalen intern Konflikter no baussen ze droen, seet de laangjärege LSAP-Ausseminister.

auto_stories

2 min

Jean Asselborn (Foto: Archiv)

Doduerch, datt d'USA Jerusalem als Haaptstad unerkannt hunn, wier d'Zwee-Staateléisung doud. D'EU wier sech bewosst, datt an der Nohostpolitik eng gemeinsam Positioun néideg wier. Déi gemeinsam Positioun géif et awer net ginn. Aktuell géif Lëtzebuerg zesumme mat eenzelen aneren EU-Staaten op de gudde Moment waarden, fir Palestina un z'erkennen, seet de Lëtzebuerger Ausseminister. Lëtzebuerg kéint dat net eleng maachen, dofir et bräicht een eng kritesch Mass.

E geféierleche Prezedenzfall

De Jean Asselborn kritiséiert d'Invasioun vun der Tierkei géint d'Kurden am Norde vu Syrien. Et wier besonnesch diskutabel fir den Artikel 51. vun der UN-Charta z'evoquéiere fir géint d'Kurdemiliz virzegoen. Deen Artikel 51. regelt d'Recht op Selbstverteidegung.

Déi tierkesch Miliz YPG, géint déi d'Tierkei a Syrien virginn, géif vun Ankara als Terrororganisatioun bezeechent ginn. Dat géif net der Realitéit entspriechen. Déi alliéiert Miliz hätt sech heroesch abruecht am Kampf géint d'Terrororganisatioun IS. A Syrien géif aktuell Ueleg op d'Feier geschott ginn, sou de Lëtzebuerger Ausseminister.

Frustratioun

Et dierft een zwar net d'Flemm kréien, mä och hien hätt heiansdo Zweiwel un der international Situatioun, seet de Jean Asselborn, besonnesch nom Brexit. Och déi negativ Dynamik tëscht Saudiarabien an dem Iran géif him ze denke ginn. Europa géif haut och net méi esou zesumme stoe wéi nach virun zéng Joer. Dat géif un engem wullen, seet de Jean Asselborn. Et wier säi Wonsch, datt erëm méi wéi an der Vergaangenheet zesumme geschafft gëtt. Dat wier zum Beispill de Fall gewiescht beim Accord iwwert den Atomprogramm vum Iran. Do hätten d'EU, d'USA an den Iran 13 Joer dru geschafft. D'Trump-Administratioun wier am Gaangen dat futti ze maachen. An Europa géif méi erreeche wann et erëm eng kloer Linn hätt am Dossier Israel-Palestina.

LSAP: Intern Meenungsverschiddenheeten intern léisen

"D'LSAP muss wëssen, datt wa mer mat Bréiwer operéieren no baussen, datt mir eis selwer schluechten. Dat brauche mir guer net. Mir sinn eng houfreg Partei déi eppes geleescht huet. A mir sollen dozou stoen."

Alles wat intern Organisatioun ugeet, kéint een intern all Dag driwwer streiden. Fir de Jean Asselborn ass den Etienne Schneider déi richteg Persoun an der LSAP fir d'Politik vun dëser Regierung ze verteidegen.