Radioen

On air

Notturno  |  Rozi Plain - Help

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Kontroll vun den Institutiounen

Mënsche mat Behënnerung

Eng Kontroll vun den Institutiounen

Lëtzebuerg bräicht eng extern an onofhängeg Kontroll vun den Institutioune fir Léit mat enger Behënnerung. Dat fuerderen den Ombudsmann, d'Consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH an den Centre pour l'Egalité de Traitement (CET) an engem oppene Bréif un d'Regierung.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Kanokpol P.

Wärend dem Confinement hätte vill betraffe Leit sech gemellt fir iwwer beonrouegend Praktiken an Institutiounen ze berichten. D'Lëscht vun dëse Praktike wier laang a géif géint sëllege Prinzippie vun der UNO-Behënnerterechtskonventioun verstoussen, esou d'Fabienne Rossler. D'Personal géif an d'Kummere vun de betraffene Leit goen, ouni sech unzemellen, zielt d'Generalsekretärin vum CCDH.

Et géif Fäll gi wou d'Diere vun den Zëmmere grouss opgelooss gi wann d'Leit hir Soine kréien, "a virdru ginn d'Leit nach ausgedoen a plakeg do leie gelooss". An anere Fäll géifen d'Dieren zougespaart ginn, datt kee kéint erausgoen, d'Leit géife systematesch a kollektiv op d'Wo gestallt ginn.

"Et kënnt ëmmer erëm vir, datt erwuesse Leit geduuzt ginn a wéi kleng Kanner behandelt ginn. Persounen, déi sech wollten opstelle fir d'Wale vum Délégue de résidence, sinn ouni valabel Begrënnung ecartéiert ginn."

Weider zielt d'Fabienne Rossler, datt et Fäll géife ginn, wou Leit, déi sech net richteg kënnen ausdrécken an dofir jäizen, dacks mat Medikamenter "roueg gestallt ginn".

Keng Méiglechkeet, Kontrollen ze maachen

D'Organer CET, CCHDH an Ombudsmann wieren zwar aktiv am Beräich vun der Behënnerung, mee si hätten net d'Kompetenz Kontrollen an de Foyeren, Institutiounen oder Maisons de soins ze maachen - weder am ëffentlechen nach am private Secteur.

Den Ombudsman hätt zwar d'Missioun vum Contrôle externe des lieux privatifs de liberté, mee well dat aktuellt Gesetz Strukture wéi Foyeren a Maisons de soins net als sollches definéiere géif, kéint den Ombudsmann do keng Kontroll maachen.

Virun der Press huet d'Fabienne Rossler vum CCDH betount, datt wann eng Persoun an enger Ariichtung ass well se op friem Hëllef ugewise wier an theoretesch zwar rauskéim, mee dëst duerch hier Behënnerung praktesch net méiglech wier, da kéint dat mat engem Sejour forcé gläichgesat ginn.

Déi dräi Organismen kéinte sech virstellen, datt den Ombudsmann dat externt Organ kéint sinn, vir dës Plazen ze kontrolléieren.