Steierpolitik Eng Lëscht, mä keng Sanktiounen

17 Länner stinn op enger Schwaarzer Lëscht vu Steierparadäiser, déi en Dënschdeg vun der EU publizéiert gouf. D'EU-Finanzministeren hate kuerz no der Publikatioun vun de sougenannte Panama Papers decidéiert, esou eng Lëscht zesummenzestellen. Et huet bal zwee Joer gedauert, bis sech déi 28 eens gi sinn, wien op där Lescht drop stoe soll.

Danièle Weber (Bréissel) / ys

Steierparadäis
Illustratioun: Bigstock / Netfalls

Bis zur leschter Sekonn gouf anscheinend nach verhandelt. Fir z'evitéieren, op där Schwaarzer Lescht ze landen, hu verschidde Länner versprach, awer mat der EU zesummenzeschaffen. Dës 47 Kandidate goufen op enger groer Lescht geparkt.

Op där Schwaarzer Lescht sti 17 Länner:

  • Amerikanesch-Samoa
  • Bahrain
  • Barbados
  • Grenada
  • Guam
  • Südkorea
  • Macau
  • Marshallinselen
  • Mongolei
  • Namibia
  • Palau
  • Panama
  • Sankt Lucia
  • Samoa
  • Trinidad an Tobago
  • Tunesien
  • Vereenegt Arabesch Emiraten

Richteg begeeschtert ass um Enn kee vun der Lescht. Si wier den Ufank vun engem Wee, an et wier gutt, dat si elo mol do wier, sou den däitschen Interims-Finanzminister Peter Altmaier.

Lëtzebuerg géint Sanktiounen

Kritik gëtt et, well keng Sanktioune festgehale goufen. Fir datt d'Lescht effikass ass, musse Länner kënne sanktionéiert ginn, seet de franséische Finanzminister Bruno Lemaire. Och d'Kommissioun hätt sech Sanktioune gewënscht. Dorop konnte sech déi 28 EU-Finanzministeren awer net eenegen. Ënner anerem Lëtzebuerg war dogéint.

Op där groer Lescht sti Länner wéi d'Schwäiz, oder britesch Entitéiten, wéi d'Caiman Inselen an Jersey Guernsy oder d'Isle of Man. Si hunn elo een, respektiv zwee Joer Zäit, verschidden Oplagen z'erfëllen. Zum Beispill Steierprivilegen ofschafen, oder prett sinn, Informatiounen auszetauschen.

Geschitt dat net an den Delaien, kéinten och si op der Schwaarzer Lescht landen. Iwwer Sanktioune soll d'nächst Joer weider diskutéiert ginn.

Schwaarz Lëscht

Méi zum Thema

Finanziministeren.jpg
Steieren

Zënter iwwer engem Joer diskutéieren d'EU-Finanzministeren iwwer eng Schwaarz Lëscht vu Steierparadäiser. Ënner den 20 Länner ass um Enn kee Memberland. D'Lëscht wier net kredibel, soen ONGen.

Virum Vott vum neie President vum Euro-Grupp
Euro-Grupp

De Mario Centeno gëtt neie Chef vum Euro-Grupp. De Pierre Gramegna zitt am zweeten Tour géint de Portugis de Kierzeren. D'Parteipolitik hätt eng grouss Roll gespillt, seet de Pierre Gramegna nom Vote.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Literaturlabo 7: Bilan

    En Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un(e) technicien(ne) radio.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen