Radioen

On air

Notturno  |  Jonathan Wilson - Marzipan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng "Lëtzebuerger" Variant?

Medieberichter

Eng "Lëtzebuerger" Variant?

An däitsche Medien zirkuléiert d'Noriicht vun enger Lëtzebuergescher Variant vum Coronavirus. Den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, seet dat wier awer net zoutreffend. D'Versioun B.1.1.6 hätt kee spezielle Lien mat Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

D'Versioun B.1.1.6 wier a ville Länner verbreet, preziséiert den Dr. Jean-Claude Schmit, an hätt deemno näischt Spezifesches mat Lëtzebuerg ze dinn. Den Numm "Lëtzebuerger Variant" wier also och net zoutreffend.

Eng éischte Kéier soll d'Versioun B.1.1.6 - iwwer déi et an de Medieberichter geet - am Texas opgetruede sinn. Um Site PANGO-lineages, wou een déi verschidde Variante am Detail ukucke kann, geet een och dovunner aus, datt se eng éischte Kéier am Texas opgetruede wier.

Fir den Epidemiolog Joël Mossong ass et och net verständlech, datt Medieberichter dës Variant a Relatioun mat Lëtzebuerg stellen.

15 Variante goufe sequenzéiert

An Rapport fir d'Woch vum 18. bis de 24. Januar huet de Staatslabo bei hire Sequenzéierungen 15 verschidde Varianten zu Lëtzebuerg festgestallt. 240 positiv Corona-Tester goufen ënner d'Lupp geholl: déi heefegst Variante vun dësen 240 Sequenzéierunge sinn d'Varianten B.1.160 (44,1 Prozent) an d'Variant B.1.1.7 (16,1 Prozent), dat ass déi sougenannte "brittesch" Variant". D'Plaz dräi deele sech d'Mutatioun B.1 an d'Variant B.1.177 (8,6 Prozent allebéid).

D'Santé hat en Donneschdeg scho gemellt, datt mëttlerweil 47 Fäll vun der Versioun B.1.1.7 zu Lëtzebuerg an Ëmlaf sinn, an datt och d'Variant B.1.351 (déi "südafrikanesch" Variant) mëttlerweil véier mol am Land fonnt gi war. Déi "brazilianesch" oder "japanesch" Versioun P.1 wier iwwerdeems nach net zu Lëtzebuerg festgestallt ginn. Dës Sequenzéierunge sinn allerdéngs net representativ, huet d'Santé preziséiert.

D'Piratepartei huet iwwerdeems eng urgent parlamentaresch Fro gestallt, an där si vun der Gesondheetsministerin Paulette Lenert Detailer iwwer dës Variant froen.

Prezisioun vum Staatslabo

De Staatslabo huet iwwerdeems an engem Communiqué preziséiert, datt et sech an de Medieberichter ëm d'Variant B.1.160 handelt. Dat hätt een no enger Récksprooch mat den zoustännegen Autoritéiten an Däitschland erausfonnt.

Dës Variant wier a villen EU-Länner an Ëmlaf a wier eng éischte Kéier am September 2020 sequenzéiert ginn. Den LNS preziséiert, datt den Ursprong vun der Versioun B.1.160 net a Lëtzebuerg ass.

Den Epidemolog Joël Mossong huet gëschter schonn op Twitter dës Prezisioun gemaach: d'Variant B.1.160 ass an e puer Länner, doranner och Frankräich, geleefeg:


Notiz: Dësen Artikel gouf de 5. Februar ergänzt.