Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng "Lex Koller" fir Lëtzebuerg?

Logement

Eng "Lex Koller" fir Lëtzebuerg?

Kéint e Schwäizer Gesetz, dat als "Lex Koller" bekannt ass, e Modell si fir de Logementsproblem och hei zu Lëtzebuerg besser an de Grëff ze kréien? D'Fondation Robert Krieps - d'Denkfabrik, déi der LSAP no steet - huet dat Gesetz elo mol an d'Spill bruecht. An der Schwäiz ginn et eng Rei Restriktioune fir d'Kafe vu Wunnraum duerch Persounen, déi am Ausland wunnen (ausserhalb vun der EU) an déi hiren effektiven Domicile eben net an der Schwäiz hunn.

auto_stories

2 min

De Max Leners ass an der LSAP engagéiert an an der Fondation Robert Krieps.

Esou eng Beschränkung kéint och zu Lëtzebuerg Sënn maachen, mengt de Max Leners vun der Fondatioun. Dat géif net bedeiten, datt een d'Investissementer a Sozialwunnengen, déi aus dem Ausland komme géif verbidden. Vill méi géif esou eng "Lex Koller" et Fonge verbidde fir massiv Wunnengen zu Lëtzebuerg opzekafen, fir domat ze spekuléieren.

Kritik um Xavier Bettel senger Dossier-Kenntnes

De Max Leners ass an der LSAP engagéiert an an der Fondation Robert Krieps. Hien huet och en eegene Blog. Dorop huet hie viru kuerzem en Artikel publizéiert, an deem hie sech kritesch mam Premier Xavier Bettel ausenanersetzt, ënner dem Titel "Hier spricht Käpt'n Blaubär".

An dësem Artikel stellt de Max Leners fir sech fest, datt de Xavier Bettel net ëmmer senger politescher Responsabilitéit géif gerecht ginn, an hien dozou géif tendéieren, fir d'Responsabilitéit un aner Ministere weiderzeginn. De Max Leners ass der Meenung, datt hien net den eenzegen ass, deen dem Xavier Bettel eng gewëssen Iwwerflächlechkeet am Ëmgang mat politeschen Dossiere géif attestéieren.

"Jo ech mengen, datt ech do net deen eenzege sinn, deen him kéint proposéieren e bësse méi Dossier-Kenntnes ze hunn, wéi op all Kiermes danzen ze goen."

Sech iwwer dës Regierungsbedeelegung eraus Gedanke maachen

D'Fondation Robert Krieps organiséiert haut Méindeg, een Dag virum État de la Nation an der Chamber, en Diskussiouns-Owend ënner der Iwwerschrëft "Etat de la société". Eng Rei Experte wäerten do en Input ginn zu de groussen Erausfuerderungen, déi sech der Politik am Moment stellen - Klima, Logement an der Haaptsaach. Da sollen och d'Leit an d'Diskussioun mat abezu ginn. Domat wëllt d'Fondatioun hirem Usproch gerecht ginn, den ëffentlechen Debat ze beräicheren an net ze zécken, där offizieller Analys ze widderspriechen.

Et misst een ëmmer probéieren "e Spagat hinzekréien", et sollt een awer och ëmmer probéiere Positiounen ze entwéckelen, déi iwwer déi Regierungsbedeelegung erausginn, sou de Max Leners. Hie wier sech bewosst, datt d'LSAP an der aktueller Koalitioun "net alles" géif ëmgesat kréien.

"Et muss een elo scho kucken, déi nächst Wahle virzebereeden. Et muss ee kucken e bësse méi kritesch Analysen ze maachen, wou mir sinn, a wat een hei am Land ka verbesseren."