D'Demande fir eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäite kéim zwar net vun alle Geschäftsleit, mee mat protektionistesche Mesurë kéint een den Handel net retten, esou de Claude Bizjak. Datt doduerch méi Leit sonndes géifen oder misste schaffen, gesäit hien net als problematesch. Den Ament ass d'Sonndesaarbecht op fräiwëlleger Basis an op véier Stonne limitéiert. Salariéen, déi vu wäit hierkommen, wiere frou, wa si méi Stonne kéinte schaffen:
"An et huet een och jonk Leit an net nëmme Mammen, déi interesséiert sinn op engem Dag ze schaffen oder owes ze schaffen, wou si e Frang méi kënne verdéngen, well si vläicht och am Dag wëlle Sport maachen etc. Also Aarbechtszäiten, déi vun 8-12 an 2-6 differéieren, hu mir am Fong an alleguerten de Secteuren. Wat awer sécherlech richteg ass, ass datt een do awer muss mat engem gewësse Fangerspëtzegefill drugoen."