Verfassungsreform Eng méiglechst breet Majoritéit

Ass d'Diskussioun ëm déi nei Verfassung awer net esou blockéiert wéi ee fäerte konnt? Et gesäit esou aus. Den CSV-President Fränk Engel huet eng Ouverture gemaach: mat de Proposen, déi hie virum Summer gemaach huet, hätt hie virun allem wëllen eng Reflektioun ausléisen, op kee Fall awer de ganze Prozess torpedéieren.

Maurice Molitor / Michèle Sinner / cbi

Frank Engel
Den CSV-President Fränk Engel mécht eng Ouverture an der Verfassungsreform

Kuerz virum Summer hat d'CSV all Mënsch um falsche Fouss erwëscht. Bis dohi gouf et jo en Accord op engem Text, mee op eemol wollt déi gréisst Oppositiounspartei d'Faass nach eemol opmaachen. Et sollt een de Leit an engem neie Referendum, deen am Fong e Sondage wier, nach eemol e puer präzis Froe stellen, an d'Resultat dovun dann an den definitiven Text afléisse loossen.

"Mir waren einfach elo der Meenung, datt een net sollt an net kéint an eng Diskussioun mat der Ëffentlechkeet goen, wou een am wesentleche géif soen: 'Kuckt, mir hunn elo geschafft, mir kommen Iech dat erklären, mee am Fong ass et fäerdeg, a mir wiere frou wann Der herno géift zoustëmmen.'"

Eng participativ Approche

D'CSV wier sech awer vun Ufank u bewosst gewiescht, datt si näischt imposéiere kéint, mee datt ee fir alles Majoritéite braucht, seet de Fränk Engel:

"Mir si keng Partei, déi vun Natur aus esou gepolt ass fir ganz eleng wëlle mam Kapp duerch d'Mauer ze goen."

An deem Sënn misst een d'Iddi, déi hie lancéiert hätt, éischter als Ustouss fir eng méi participativ Approche verstoen, wéi als Ausdrock vun enger Haltung vu Blockad, sou de Fränk Engel:

"Mir ass jo net nëmme wichteg, perséinlech an der CSV als Partei, datt mir déi Verfassung iergend wéini eng Kéier duerch kréien. Mee eis ass wichteg, datt mir déi Verfassung mat der breetst méiglecher Majoritéit am Vollek duerch kréien, well dat jo d'Verfassung vun eis alleguerten ass."

Et hätt, iwwer de Summer, scho Kontakter gi, fir der Majoritéit déi erëm méi konziliant CSV-Positioun ze signaliséieren: déi Kontakter géifen elo intensivéiert ginn, sou de Fränk Engel. Datt déi Kontakter effektiv intensivéiert ginn, ass wahrscheinlech.

Zesummen um Text schaffen

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, deen och President vun der zoustänneger Chamberkommissioun fir d'Verfassungsreform ass, stellt elo fest, datt de Fränk Engel e ganz aneren Toun ugeschloen hätt, wéi virum Summer. Hie wier frou, datt een et net méi mat engem Ultimatum vun der CSV ze dinn hätt. "Et war eben ëmmer e gemeinsamen Text. An dofir ass et wichteg, dass mer erëm zu enger gemeinschaftlecher Method zeréckfannen, wéi mer wëllen weider un deen Dossier erugoen", esou den Alex Bodry.

Et misst ee gemeinsam festleeën, wéi ee prozedural wéilt virgoen, "a wéi eventuell och nach inhaltlech Upassungen vun deem Text kommen", esou den LSAP-Fraktiounschef. Dëst misst als éischt tëschent de Parteien an duerno an de Kommissioune geschéien, fënnt hien. "Well et ass jo an der Chamberkommissioun, wou déi eigentlech Aarbecht gemaach gëtt."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Frank Engel
Déi (nei) CSV-Positioun am Dossier Verfassung

D'CSV wier "après réflexion" der Meenung, datt e verflichtende Referendum iwwer déi nei Verfassung net déi beschten Optioun wier, seet de Frank Engel. Dat wier keen Ultimatum an d'CSV géif hir Positioun och net méi iwwerdenken.

Alex Bodry
Reform vun der Verfassung

De President vun der Chamberkommissioun fir d'Verfassungsrevisioun, den Alex Bodry, kritiséiert a bedauert, datt et een totale Broch mat der Aarbechtsweis am Konsens aus de leschte méi wéi 15 Joer géif ginn.

Frank Engel
Debatt ëm d'Verfassungsreform

Déi rezent Diskussiounen iwwer eng eventuell Reform vum Wahlsystem géife weisen, datt d'Verfassungs-Debatt nach net ofgeschloss ass. Dat sot den CSV-President Frank Engel den Dënschdeg virun der Press.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen