Wirtschaft Eng mëttel- a laangfristeg Perspektiv kréien

De Luc Frieden gleeft net un eng séier Reprise vun der Économie. De fréiere Finanzminister an aktuelle President vun der Handelskammer mengt, datt d'Wirtschaft sech nëmme lues vum Corona-Schock erhuele wäert, an datt et wuel dräi Joer dauert, bis se nees um Niveau vu virun der Kris ukomm ass.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Luc Frieden
De Luc Frieden ass fréieren CSV-Finanzminister an aktuelle President vun der Handelskammer

De Luc Frieden réit dozou, eng Staatsschold op engem Niveau vun ënner 25 Prozent vum PIB unzestriewen an op Steiererhéijungen ze verzichten.

"Wéi finanzéiert een den Defizit? Entweder datt een d'Depensë reduzéiert oder d'Recetten héicht. An d'Recetten erhéijen ass natierlech kontraproduktiv fir d'Ekonomie, fir de Konsum, fir den Invest. An dofir ass dat keng gutt Léisung."

Fir de Luc Frieden misst et kuerzfristeg ouni Steiererhéijunge goen, well dat "Gëft" fir déi wirtschaftlech Entwécklung wier. "An ech géif och mengen, datt ee mëttel- a laangfristeg soll keng Steiererhéijunge maachen." D'Steieren zu Lëtzebuerg wiere relativ héich am internationale Verglach.

"An dofir mengen ech, datt een elo an der Kris en Defizit kann acceptéieren, deen een net duerch Steiere muss finanzéieren. A mëttel- a laangfristeg muss ee kucken, datt een éischtens Rahmebedingunge schaaft, déi d'Ekonomie dreiwen, spruddele loossen, an domat méi Recettë kréien. An zweetens, datt een dann och kuckt, le cas échéant, verschidden Ausgaben ze reduzéieren, fir datt den Defizit net ze grouss ass."

Mëttel- a laangfristeg Perspektiven

E Mëttwoch stellt den DP-Finanzminister Pierre Gramegna dee Staatsbudget fir d'Joer 2021 vir. Fir d'Entreprise wier et hei wichtegt, datt et mëttel- a laangfristeg Perspektive ginn, seet de President vun der Handelskammer. "Ech mengen, d'Leit brauchen en Element vun Optimismus a vun Hoffnung."

Et wier wichteg Signaler ze sende fir ze weisen, a wéi eng Richtung et geet, "souwuel kuerzfristeg mat den Hëllefen, wéi och laangfristeg, datt se (d'Betriber, ndlr) kënnen ausbauen". Fir de Luc Frieden si Steierreduktiounen och eng Méiglechkeet, déi ee mëttelfristeg op de Wee kéint bréngen.

Fir de President vun der Handelskammer ass et wichteg neie Betriber ze signaliséieren, datt se wëllkomm sinn. "Mir kënnen eis net op deem ausroue wou mer elo sinn, mir mussen och e Land bleiwen, dat auslännesch Investisseuren och an Zukunft wäert unzéien." Anescht kéint een de Liewensstandard a -qualitéit net assuréieren, seet de Luc Frieden.

Eng Balance fannen

De Staat wier natierlech gefuerdert, fir de Betriber erëm op d'Spreng ze hëllefen. Mee dat misst net onbedéngt Geld kaschten. E wirtschaftsfrëndlecht Ëmfeld kéint een och mat anere Mesurë schafen. De Luc Frieden nennt als Beispill "keng iwwerdriwwen Oplagen" oder d'Simplification administrative.

Fir de President vun der Handelskammer gehéiert de richtegen Equiliber tëschent der Ëmwelt an der Ekonomie derbäi, mee "et kann een net bei all Päiperlek a bei all Schleek, deen dorëmmer ass - an ech karikaturéieren dat bewosst - soen, dofir kënne mer do näischt maachen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Nora Back Riicht Eraus
Steierpolitik

D'OGBL-Presidentin Nora Back fuerdert méi Steieren op Verméigen a Kapitalrevenuen. Grad wéinst der Corona-Kris misst d'Regierung fir méi Gerechtegkeet am Steiersystem suergen.

Max Leners
Steiervermeidung

Plus-valuen am Immobilieberäich, déi zu Lëtzebuerg realiséiert ginn, sollt een an Zukunft net méi a Spezialfonge virun enger normaler Besteierung verstoppe kënnen, esou de Max Leners vun der Fondatioun Robert Krieps.

Franz Fayot
Besteierung vu grousse Verméigen

De Virstouss vum Frank Engel iwwer d'Ierfschaftssteier fënnt de Franz Fayot "interessant". Den CSV-President hätt "de Fanger op e wonne Punkt" geluecht. Fir d'Wale kéint dat e wichtegt Theema ginn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen