Radioen

On air

Tockcity  |  Ducks Ltd. - On Our Way To The Rave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei App informéiert vum Hierscht un iwwer d'Peegelstänn am Land

Besseren Informatiounssystem

Eng nei App informéiert vum Hierscht un iwwer d'Peegelstänn am Land

Am Hierscht soll zu Lëtzebuerg eng App disponibel sinn, déi iwwer d'Peegelstänn informéiert. Dat huet d'Ëmweltministerin Joëlle Welfring de Méindeg virun der Press annoncéiert.

auto_stories

2 min


Lauschterenplay_arrow

Et hätt ee festgestallt, datt den Héichwaassermeldebericht, deen als PDF um Internetsite inondations.lu ze fannen ass, bei den Iwwerschwemmunge Mëtt Juli lescht Joer net esou dacks gekuckt gi wier, ewéi een sech dat erhofft hätten, esou de Claude Schortgen vum Waasserwirtschaftsamt.

Dofir hätt een elo eng Rei Neierungen an d'Weeër geleet, déi der Bevëlkerung den Zougang zu Informatioune soll erliichteren, erkläert den Expert. "Meine Pegel" heescht den däitsche System, an deen an Zukunft och Donnéeë vu Lëtzebuerg solle mat integréiert ginn an Informatiounen zu de Peegelstänn am Grand-Duché solle liwweren.

Informatiounen zu eenzele Peegelstänn si gefrot

Et géif ee sech awer an der Flicht gesi fir de Leit d'Donnéeë vun de Peegelstatiounen zur Verfügung ze stellen, preziséiert d'Ëmweltministerin, ënnert där hir Zoustännegkeet d'Waasserwirtschaftsamt fält.

"An déi Leit, ewéi gesot, déi an de Géigende wunne wou se riskéiere mat Héichwaasser geplot ze ginn, déi interesséiere sech ganz, ganz staark fir hire Peegel, fir datt se dee ganz genau kënne beobachten: Mir wëllen deene Leit dat esou einfach ewéi méiglech maachen."

D'Haaptinformatioune besser opbereet

Mat der neier App wäert et zudeem méiglech sinn, sech anzeschreiwe fir geziilt Updaten zu bestëmmte Géigenden iwwert Push-Noriichte geschéckt ze kréien, mee och d'Informatiounen um Internetsite inondations.lu solle méi einfach an iwwerschaubar duergestallt ginn. Hei konnt ee bis ewell de PDF vum Héichwaassermeldebericht fannen a sech iwwert eng Aschreiwung op eng Newsletter, déi per Email verschéckt gëtt, informéieren.

Well den Héichwaassermeldebericht net esou dacks consultéiert gi wier, wéi ee sech dat erhofft hätt, wier direkt eng Adaptatioun gemaach ginn, erkläert de Claude Schortgen vum Waasserwirtschaftsamt.

"Do zéie mir elo déi wichtegst Haaptmessagen eraus a maachen déi direkt op déi alleréischt Säit. Dat heescht Leit, déi op inondations.lu elo ginn, fir ze kucke wat lass ass (...) kréien direkt de Message do mat geliwwert wat dann dee Moment lass ass."

Donieft gëtt et och e sougenannten RSS-Feed, iwwert deen Notzer änlech ewéi bei engem Newsticker relevant Informatioune geschéckt kréien, esou nach de Claude Schortgen vum Waasserwirtschaftsamt.