Radioen

On air

Notturno  |  Son Lux - Prophecy Feat. Nina Moffitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Institutioun um Kierchbierg

Mäin Europa

Eng nei Institutioun um Kierchbierg

Enn des Joers soll den Europäesche Parquet ufänken zu Lëtzebuerg ze funktionéieren. Um Kierchbierg gëtt den Ament gutt geschafft, fir d'Raimlechkeeten ze preparéieren. Dobäi verleeft den Opbau vun der Institutioun u sech nawell holpereg.

auto_stories

7 min

Un de Raimlechkeete vum Europäesche Parquet gëtt nach vill geschafft

Op der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg rullt de Verkéier nom Deconfinement nees. De Jean Leyder, Direkter vu Bâtiments publics an den Ingenieur Dan Schroeder sti virun der Entrée vun der Tour B. Dat ass, wann ee vun der rouder Bréck op de Kierchbierg kuckt, dee lénken vun den zwee identeschen Tierm laanscht d'Avenue.

Hei ass d'Entrée vum Gebai, déi normalerweis och vum Europäesche Parlament genotzt gëtt, erkläert den Dan Schroeder. Fir den Europäesche Parquet sinn déi éischt fënnef Stäck am Tuerm, wéi och déi ganz Annexe, virgesinn. Well si awer komplett autonom sinn, kritt den EPPO och eng separat, geséchert Entrée a solle sech herno och net mat deene Leit kräizen, déi an den ieweschte Stäck vum Gebai schaffen.

Eng Fra un der Spëtzt

EPPO steet fir European Public Prosecutor's Office. Op Lëtzebuergesch: den europäesche Parquet oder europäesch Procureure. Procureure mat "e" an dësem Fall. Well sech déi EU-Länner, déi beim Parquet matmaachen, leschten September eens goufen, d'Rumänin Laura Codruța Kövesi fir de Posten ze nominéieren.

Si hat sech an hirem Heemechtsland esou ee gudden Numm als Cheffin vun der Anti-Korruptiounsagence gemaach, datt sI ofgesat gouf. Lëtzebuerg war eent vun de Länner, dat hir Kandidatur ënnerstëtzt huet, Rumänien net.

Héich Sécherheetsstandarden

Fir datt den neie Parquet kann eraplënneren, hu fir d'éischt misse Servicer vum Europaparlament aus dem Tuerm erausplënneren, wéi de Jean Leyder erkläert. D'Parlament krut e grousst Gebai gebaut, eng 300 Meter ewech vun den zukünftege Raimlechkeete vum Europäesche Parquet. Hei ginn och all déi Servicer an ee Gebai regruppéiert, de KAD2. Am Hierscht sollen dann de Rescht vun de Servicer vum Europaparlament, haaptsächlech Iwwersetzer, aus dem Tuerm B an de KAD2 geplënnert sinn.

Den Tuerm muss awer nach un d'Besoine vum Parquet ugepasst ginn, an dat fänkt an der Entrée un, erkläert den Dan Schroeder. Wichteg wier, datt déi sécherheetstechnesch Konditiounen erfëllt ginn, déi den EPPO gefrot huet, ënner anerem ee Sécherheetsaccès an engem Service de sécurité, deen nëmmen déi Leit eraléisst, déi ugemellt sinn.

"Dat ganzt Sécherheetskonzept vum Parquet européen ass schonn zimmlech opwändeg, well dat och e bëssen e sensibele Beräich ass."

An de Raimlechkeete vum Europäesche Parquet ginn et och méi generell Amenagementer, wéi zum Beispill eng Cafeteria, eng kleng Kichen, oder och Konferenzsäll, wou d'Medie kënnen invitéiert ginn, wa verschidden Dossiere public gemaach solle ginn.

Et geet ëm vill Suen

Sensibel ass um EPPO, datt dëse Parquet, anescht wéi d'Cour de justice um Kierchbierg, am Strofrecht operéiert. Den Opbau vum Parquet geet op déi sougenannt PIF-Direktiv zeréck. PIF steet fir Protection des intérêts financiers. An dësem Fall sinn dat déi finanziell Interête vun der Europäescher Unioun, Gelder aus dem EU-Budget, déi solle geschützt ginn.

D'Sécherheetsbestëmmunge sinn dofir fir den Europäesche Parquet e bësse méi streng wéi bei den aneren EU-Institutiounen, well sensibel Dossieren traitéiert ginn, seet den Dan Schroeder.

Lenks no riets: Daniel Schroeder, Ingénieur, a Jean Leyder, Direkter Bâtiments publics

Konkret geet et ëm Korruptioun fir EU-Gelder ze kréien, de Bedruch ëm EU-Gelder oder Frauden, beispillsweis mat der TVA. An et geet ëm vill Suen, wann een der EU-Kommissioun ka gleewen. Déi schwätzt an hiren Informatiounsënnerlagen vu 50 Milliarden Euro, déi den EU-Memberstaaten all Joer fir hir Budgeten duerch TVA-Fraude verluer ginn.

23 Procureuren aus der EU

Den Organigramm vum EPPO gesäit selwer aus wéi en Tuerm. Un der Spëtzt ass d'Chef-Procureure. Do drënner gëtt et ee Collège vu Procureuren aus de Memberstaaten. Um operativen Niveau gëtt et permanent Chambere vu jeeweils dräi Memberen, déi d'Enquêtë leeden an decidéieren, ob eng Affär klasséiert oder viru Geriicht bruecht gëtt.

Well et keen europäescht Geriicht gëtt, dat fir Strofrecht kompetent ass, ginn d'Affären, wa se prett sinn, virun déi jeeweileg national Geriichter bruecht an do vun delegéierten europäesche Procureure plaidéiert, där all Land der op d'mannst zwee muss designéieren, an déi sur place fir den EPPO schaffen.

Alles an allem kommen 23 Procureuren mat hirem Staff op Lëtzebuerg, zielt den Dan Schroeder. Dofir brauche si relativ vill Reuniounssäll fir ze schaffen, fir hir Dossieren ze traitéieren. Déi kommen haaptsächlech an d'Annexe. Ënner dëse Reuniounssäll sinn der och dräi, déi speziell geséchert musse ginn, datt se net kënnen ofgelauschtert ginn. Méi Informatioune konnt den Dan Schroeder net ginn, "et ass e bësse confidentiel".

Eng fräiwëlleg Basis

Datt et 23 Procureure si läit dodrun, datt net all d'EU-Länner matmaache beim Europäesche Parquet. Dee baséiert op enger sougenannter Coopération renforcée, bei där d'Memberstaate fräiwëlleg matmaachen. Se mussen net, a bis elo si Schweden, Dänemark, Irland, Polen an Ungarn net dobäi.

Dës Cooperation renforcée hat och Konsequenzen op d'Kompetenze vum Parquet. Ënner dem Jean-Claude Juncker huet d'EU-Kommissioun dofir plädéiert, dem EPPO Terrorismus-Enquêten als zousätzlech Missioun ze ginn. Aus där Iddi ass awer bis ewell näischt ginn.

150 bis 200 Leit wäerten hei schaffen

Den Ament ginn um Kierchbierg ronn 7.000 Quadratmeter Bürosfläch fir den EPPO amenagéiert. De Programm hätt een direkt vum Europäesche Parquet kritt an dee gesäit vir, datt tëschent 150 an 200 Leit an de Raimlechkeete vum Europäesche Parquet schaffe sollen, zielt den Dan Schroeder.

"Dat evoluéiert e bëssen, et hänkt e bëssen dovun of, wéi bei hinnen och d'Servicer ausgeschriwwe ginn, mee mir brauchen elo en Amenagement fir 180 Leit."

Ëm de Personalschlëssel vum EPPO gouf et an deene leschte Méint vill Diskussiounen. D'Laura Codruța Kövesi hat am Februar virun der zoustänneger Kommissioun vum Europaparlament erkläert, et wiere vum éischten Dag un, wann den EPPO mat schaffen ufänkt, 3.000 Affären ze traitéieren, déi an de Memberstaaten als relevant identifizéiert goufen.

Rekrutementsproblemer

Bis dohin haten d'Memberstaaten awer just 32 delegéiert Procureuren an de Memberstaaten selwer designéiert a fir de Siège zu Lëtzebuerg waren 29 Mataarbechter rekrutéiert, 25 dovunner fir d'Ressources humaines an d'Informatik ze geréieren.

D'Luxembourg Times hat kuerz duerno gemellt et géife Problemer gi fir Leit ze fannen, well de potentielle Kandidaten d'Liewenskäschten zu Lëtzebuerg am Verglach mat Bréissel ze deier wieren. A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Viviane Reding iwwer déi Rekrutéierungsproblemer Ufank Mäerz war den Ausseminister Jean Asselborn awer net op dee Sujet agaangen. Hien huet awer gesot, datt Lëtzebuerg sech op EU-Niveau géif dofir asetzen, datt den EPPO en adequate Budget kritt, an heiheem gutt Konditioune fir de Fonctionnement.

Ee grousse Chantier

D'Aarbechte fir de Reamenagement kaschten de Lëtzebuerger Staat 9,4 Milliounen Euro. 2,5 Joer huet d'Planung gedauert, erkläert de Jean Leyder. De Chantier selwer géif zimmlech genee 12 Méint daueren, mat enger klenger Paus vu véier Woche wärend der Corona-Kris. Duerno wier et awer gutt virugaangen, zielt de Jean Leyder. D'Entreprisen hätte gutt matgeschafft, fir de Retard e bësse kënnen ze recuperéieren.

Den EPPO riskéiert awer selwer Retard ze kréien. Fir de Collège vu Procureure soll all Land dräi Kandidaten nominéieren, vun deenen dann een zeréckbehalen gëtt. Mee Malta fënnt der just zwee, déi d'Krittären erfëllen, also notamment laang Erfarung am Wirtschaftskriminalitéit hunn.

Dofir sot den EU-Kommissär fir d'Justiz, de Belsch Didier Reynders virun dräi Wochen, et wier een amgaang ze kucken, ob ee Malta eng Ausnamereegelung kéint ginn, soss ass de ganze Prozess blockéiert an den EPPO kann net ufänke mat schaffen. Op grousse Chantieren kommen ëmmer alt Imprevue vir.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.