Radioen

On air

Notturno  |  Louis Cole - Let It Happen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Interpretatioun vun engem Accord

EU-KLIMAPOLITIK

Eng nei Interpretatioun vun engem Accord

D'EU wollt sech engagéieren, bis 2050 klimaneutral ze sinn. Dat huet um Enn awer net ganz geklappt. Um EU-Sommet gouf et keen Accord, dee vu jiddwerengem gedroe gëtt. Elo gëtt probéiert, déi Decisioun als Succès ze verkafen. Et ass awer kee gutt Signal, dat vun der Europäescher Unioun ausgeet, déi wëllt Leader am Klimaschutz sinn, mengt eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Elke Weber (Archiv)

D'Staats- a Regierungscheffen hu gëschter vill méi laang wéi geplangt iwwer de Klimaschutz gestridden. Dono gouf awer eng Zort Accord annoncéiert, kann een elo vun engem Succès schwätzen, ass ee gëschter wierklech virukomm?

Et gëtt op alle Fall probéiert, vun engem Succès ze schwätzen - an dat ass eigentlech erstaunlech. Tatsaach ass, datt een nëmmen een Dag nodeems d'Europäesch Kommissioun hire Green Deal mat engem Pak vu Mesurë géint de Klimawandel presentéiert huet - op dësem EU-Sommet knallhaart um Buedem vun der Realitéit zeréck ass.

Déi laang Diskussioune vu gëschter hu gewisen, datt d'EU sech a Saache Klima schwéier deet, eng gemeinsam Politik op d'Been ze setzen.

"Mir hunn een Accord iwwer d'Klimaneutralitéit bis 2050" - huet zwar deen neie Conseilspresident Charles Michel hënt kuerz no eng Auer iwwer Twitter matgedeelt - allerdéngs war dat nëmmen d'Hallschent vun der Wourecht - well a Wierklechkeet huet sech ee Land, nämlech Polen, net zu deem Zil bekannt, ass also net u Bord.

Do trotzdeem vun engem Accord ze schwätzen ass couragéiert - et kéint een och soen: hei gëtt krampfhaft de Versuch gemaach, NET zouzeginn, datt een net capabel war, an der EU op een Nenner ze kommen.

Et wollt een op kee Fall, nach wärend d'Klimakonferenz zu Madrid am Gaang ass, een Echec gëlle loossen.

Fakt ass, datt d'EU sech ouni Polen zu dem Klimazil bekennt - Polen ass ëmmerhin déi fënneftgréisst Ekonomie an der EU a fält hei duerchaus an d'Gewiicht - mee et ass och d'Symbolik - dat heiten ass kee staarkt Signal vun enger EU, déi wëllt de Leader sinn am Klimaschutz.

Et ass och kee Succès fir de Charles Michel, deen hei als neie Conseilspresident dësen EU-Sommet jo geleet huet - an do hëlleft et och net, datt hien direkt nom Sommet ee Video iwwer Twitter verschéckt huet, wou hien den Duerchbroch feiert, wou hie seet, "we did it" !

Also "Mir hunn et fäerdeg bruecht" - dee Film war offensichtlech scho virum Sommet produzéiert ginn - an de Conseilspresident huet et wuel fir ubruecht fonnt, en iwwer Twitter ze verbreeden, och wann en net ganz der Wourecht entsprécht.

De Charles Michel gouf gëschter gefrot, wéi hien da vun engem Accord schwätze kéint, wann ee Land guer net mat mécht, an ob dat elo och bei anere Sujeten, wéi der Migratioun zum Beispill, géif esou oflafen an der EU - hie sot, et bräicht een ebe Kreativitéit fir d'EU virunzebréngen.

Also Accord oder net - dat ass hei wuel Interpretatiounssaach.

Gestridde gouf jo och iwwer d'Roll, déi Atomkraaft am Kampf géint de Klimawandel spillen dierf. Wien huet dann dee Match gewonnen?

Dat war effektiv ee Match, deen aus Lëtzebuerger Perspektiv besonnesch interessant war. De Premier Xavier Bettel sot virum Sommet, hie géif do noutfalls säi Veto aleeën.

Mee och hei schéngt et verschidden Interpretatiounen ze ginn.

De Sträit huet sech jo dorëms gedréit, ob d'Atomkraaft, déi jo verhältnesméisseg wéineg CO2 produzéiert, kann als Mesure gëllen um Wee fir d'Klimaneutralitéit bis 2050 ze erreechen.

Et geet hei ëm Suen - well deene Länner, déi Problemer hunn, dat Zil vun der Klimaneutralitéit ze erreechen, soll gehollef ginn: duerch ee sougenannten Transitiounsfong. Wann also Atomkraaft als esou eng propper Energiequell unerkannt ass, da kéint een dofir och Suen ufroen.

Ass dat elo de Fall? Ob déi Fro gëtt et verschidden Äntwerten. Nee, sot gëschter Owend de Xavier Bettel, dee sech drop behaapt huet, datt net schrëftlech festgehale gouf, datt Atomkraaftwierker kënne vun EU-Sue finanzéiert ginn.

Am Text gëtt Atomkraaft awer ernimmt. Do steet elo schwaarz op wäiss - datt verschidde Länner drop opmierksam maachen, dat si wëllen Atomkraaft an hirem Energiemix gebrauchen. Dat war dat, wat den tschechesche Premier Andrej Babis gefrot hat - an dat steet och elo dran. Dee Saz gouf nodréiglech bäigesat.

Wat heescht dat dann elo?

Dem Xavier Bettel no heescht dat just, datt Tschechien oder een anert Land ka weiderhin Atomkraaft als Energiequell benotzen. Dat ass awer net nei - d'EU-Länner hu prinzipiell alleguerten d'Recht, selwer ze decidéieren, wéi hiren Energiemix ausgesäit. Dat gouf en Vue vum Klimaschutz ni a Fro gestallt.

De Fait awer, datt d'Atomenergie elo hei an deem Kapitel iwwer de Klimaschutz explizitt ernimmt gëtt - interpretéieren anerer éischter esou, datt se domat och als propper a klimafrëndlech Energiesource souzesoen kéint unerkannt sinn, an een deemno och Suen dofir kritt.

D'Kommissiounspresidentin krut gëschter d'Fro konkret gestallt, ob si wëlles hätt, Atomenergie am Numm vum Klimaschutz finanziell ze ënnerstëtzen - si huet dorop net direkt geäntwert. Si sot op alle Fall net Nee mee huet betount, d'Detailer vun deem Transitiounsfong missten nach gekläert ginn.

Also dee Match ass mengen ech nach net gelaf - virun allem wann ee weess, datt och Frankräich sech fir d'Atomkraaft staark mécht. Atomkraaft spillt an der EU nach ëmmer eng wichteg Roll. An der Hallschent vun den EU-Länner gëtt et Atomkraaftwierker. Een Drëttel vun der Energie, déi an der EU verbraucht gëtt, kënnt aus Atomzentralen.

Ob deen Undeel vun där Energie erop- oder erofgeet, an där méi klimafrëndlecher Zukunft, iwwer déi mer jo grad diskutéieren - a mat wéi enge Suen dat finanzéiert gëtt, dat ass nach net eraus.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.