Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng net representativ Participatioun

Landesplanung

Eng net representativ Participatioun

Bannent zwee Joer soll den neie Programme directeur fir d'Landesplanung ausgeschafft sinn. De Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture wëll eng 100-200 Bierger um neie Kaderprogramm bedeelegen. De Frank Vansteenkiste geet dervun aus, datt och déi nächst Regierung de participative Prozess iwwerhëlt. De Generalkoordinateur fir Landesplanung mengt net, datt de Staat seng Baulandreserve fundamental ausbaue kann. Et géifen awer aner Méiglechkeete ginn.

auto_stories

2 min

Vun den 1.000 Hektar direkt disponibelem Bauland gehéiere just aacht Prozent dem Staat. De Rescht ass a Privathänn. Also an der Hand vu Promoteuren déi decidéieren, wéini si wou bauen. Wéivill Impakt huet de Staat mat sengem landesplaneresche Reegelwierk, an deem Kontext?

"Fir en Afloss ze hunn, muss d'Landesplanung staark mat de sektorielle Politiken zesumme schaffen", seet de Frank Vansteenkiste. Zesumme mat deenen anere Ministèrë kéint een dem Generalcoordinateur no Afloss huelen op d'Bauland am Privatbesëtz. Esou kann een zum Beispill Taxen aféieren, d'Grondsteier héijen op Terrainen déi brooch leien, oder Baulandverträg schléissen.

Méi Baulandreservë fir de Staat: eng Illusioun

"Ech mengen net, datt eis Logementspolitik zum Scheitere veruerteelt ass, well de Staat an d'Gemenge just aacht Prozent vum bebaubaren Terrain hunn." Do géif et vill aner Mesuren am Ausland, fir u Baulandterrain ze kommen. Eng Baulandreserve sinn dem Frank Vansteeenkiste no d'Industriefrichen, wou et am Süde vum Land mat ArcelorMittal just ee Proprietaire gëtt. Dat wier schonn e risegen Enjeu. Doriwwer eraus wier et illusoresch ze mengen, datt de Staat de Prozentsaz vun aacht op 10, 20 oder 30 Prozent kéint eropsetzen.

Datt privat Proprietairë steierlech Erliichterunge kréien, wa se un déi ëffentlech Hand verkafen, géif an déi richteg Richtung goen. Oder wéi an der Nordstad kann de Staat - am Plaz Terrainen ze kréien - eng Entwécklungsgesellschaft op d'Bee stellen. Sou kéint ee Facilitateur spillen, fir datt déi verschidde Proprietaire Wunnengen a Commercë bauen.

Reell Participatioun amplaz Consultatioun

De Programme directeur fir d'Landesplanung soll eréischt an zwee Joer fäerdeg sinn. Am Hierscht lancéiert den Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère e participative Prozess mat engen 100-200 Bierger fir um neie Kader Programm fir d'Landesplanung matzeschaffen. De Generalcoordinateur fir d'Landesplanung geet dovunner aus, datt déi nächst Regierung dee Prozess weiderféiert. "Wann een de Bierger matbestëmme léisst wat a senger Regioun geschitt, weist dat eng gewëssen Durabilitéit", sou de Frank Vansteenkiste. Eng nei Regierung kéint net do dogéint goen.

De Generalcoordinateur fir Landesplanung gëtt zou, datt dee participative Modell, net representativ ass. Dat wier och net Sënn an Zweck vun enger participativer Approche, esou de Frank Vansteenkiste. Hie mengt och net, datt d'Bierger an de Panele just fir hir eegen Interesse wäerten antrieden. Et hätt een am Klengen Erfarunge gemaach vu Biergerbedeelegung, an der "Quartiersstuff" um Kierchbierg. Do wiere ganz gräifbar Saachen diskutéiert ginn: wou soll d'Spillplaz hikommen? Wéi soll eng Strooss ausgesinn? Landesplanung wier e Stéck méi komplizéiert.

Virun Enn vum Joer sollen dat neit Landesplanungsgesetz an déi sektoriell Pläng Logement, Gewerbezonen, Transport a Gréngflächen a Kraaft trieden.