Radioen

On air

Simon Says  |  Guts - Peaceful Life Feat. Lorine Chia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Nischegewerkschaft bei de Sozialwahlen

Sozialwahlen 2019

Eng Nischegewerkschaft bei de Sozialwahlen

D'NGL-SNEP kandidéiert bei de Sozialwahlen net méi fir d'Salariatskammer. Fir kleng Gewerkschafte wier dat ze opwändeg. Wéi eng Bedeitung hunn d'Sozialwahle fir eng kleng Gewerkschaft wéi d'NGL-SNEP?

auto_stories

3 min

Den Armand Wildanger, Generalsekretär vun der NGL-SNEP, huet eng apokalyptesch Vue. "Mir sinn an engem System, deen um Enn ass. Déi Zeechen, déi mir gesinn, sinn d'Zeeche vun engem Niddergang." Wann ee keen doucen Iwwergang géif hikréien, "da kraacht et ganz gewalteg", an et misst een erëm bei Null ufänken.

Eng Nischegewerkschaft

Trotzdeem ass den Armand Wildanger zouversiichtlech, datt seng Gewerkschaft iwwerliewe wäert. Zanter eelef Joer ass de studéierte Gewerkschaftler, deen eegenen Aussoen no aus enger Aarbechterfamill kënnt, Generalsekretär vun der NGL-SNEP. Mat ronn 7.000 Membere wier déi Neutral Gewerkschaft Lëtzebuerg awer eng Nischegewerkschaft, seet hien.

"Mir hu gutt qualifizéiert Personal, mir sinn e klenge Betrib a mir wëllen dat och bleiwen. Dat huet e Virdeel, mir si wéi e Familljebetrib a mir kennen d'Leit wéi en Noper. An dat kreéiert eng Relatioun, wou dir direkt mam Problem mam Misär vun de Leit konfrontéiert gitt."

Wat ass d'Relatioun mam ADR?

D'NGL-SNEP ass 2008 duerch eng Fusioun vun NGL a SNEP entstanen. Zanterdeem pocht d'Gewerkschaft op hir politesch Neutralitéit. Och, wa si historesch mat der ADR verbonnen ass an den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen sech als Éierepresident ausgëtt. Den Armand Wildanger präziséiert, datt de Gast Gibéryen zwar Éierepresident vun der NGL war, mee datt et zanter der Fusioun vun 2008 keen Éierepresident an de Statute virgesinn ass. "Mir hunn näischt mam ADR ze dinn. Fir eis zielen d'Salariéen."

An déi wëllt d'Gewerkschaft och dëst Joer vertrieden. Allerdéngs net an der Salariatskammer. 2013 krut d'Gewerkschaft kee Sëtz an der CSL a louch och an all de Gruppe wäit hanner den zwou gréisste Gewerkschaften OGBL an LCGB.

Keng Kandidatur fir an d'Salariatskammer

Dëst Joer wëllt d'NGL-SNEP sech deene Wahle guer net méi stellen. Dat géif nämlech näischt bréngen, mengt den Armand Wildanger. "Mir hunn enorm vill Geld doranner investéiert proportionell zu eise Moyene, wuelwëssent, datt mir net finanzéiert gi vum Staat." D'Kotisatioun fir Member an der NGL-SNEP ze gi géif bei 14 Euro leien, "an dovunner liewe mir". D'Wahle fir d'Salariatskammer géif ganz vill Ressourcë kaschten.

D'NGL-SNEP wier finanziell awer gesond a wéilt sech elo op d'Delégéiert an de Betriber konzentréieren. Mat engen 100 Kandidate rechent den Armand Wildanger dëst Joer, woubäi een Haaptfokus an der Konstruktioun géif leien. "Mir sinn an der Luxair vertrueden an am Gardiennage", seet den Armand Wildanger. "Mir huelen et wéi et kënnt."

"De Salarié ass am Mëttelpunkt"

Den Armand Wildanger bedauert, datt hautdesdaags Villes juristesch wier. "Mat Diskussioune kritt ee leider net méi vill gereegelt." Vun de fënnef Mataarbechter bei der NGL-SNEP wieren der dräi Juristen.

2013 hat Gewerkschaft mat der ALEBA zesummegeschafft. D'Bankegewerkschaft hätt dës Zesummenaarbecht elo mol op Äis geluecht an och mam OGBL wier eng Zesummenaarbecht 2019 net virgesinn, esou den Armand Wildanger. Et wéilt een net mat den aneren zesummeschaffen. "De Salarié ass am Mëttelpunkt an net eis Posten oder eis Verdéngschter", esou de Generalsekretär vun der NGL-SNEP.

"Et gëtt Wahlmanipulatioun"

De Wonsch iergendwann eng Kéier e Kollektivvertrag mat ze verhandele wier do, d'Ambitioun hätt een awer net. Eng Strategie fir d'Sozialwahlen den 12. Mäerz hätt d'Gewerkschaft och net. Den Armand Wildanger gëtt zou, datt d'Chancë fir an d'Salariatskammer ze kommen éischter kleng sinn, well et nëmmen eelef Prozent Wahlbedeelegung géif ginn. Weider behaapt den Armand Wildanger, datt Wahlmanipulatioun géif stattfannen. "Mir hu Beweiser dofir", seet hien.

Den Armand Wildanger mécht nach op Changementer bei der Gewerkschaft opmierksam. An noer Zukunft wäert de President vum Verwaltungsrot Jean-Claude Poos an d'Pensioun goen. An och den Armand Wildanger selwer wier bereet, säi Poste fir jonken Nowuess ofzeginn, dat wier alles guer kee Problem. D'Zukunft vun der Gewerkschaft fir assuréiert.