Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng onofhängeg Ulafstell bei Openthaltsfroen

Fräie Mikro

Eng onofhängeg Ulafstell bei Openthaltsfroen

An de Medie gëtt vill vun de Flüchtlinge geschwat. Et héiert een awer kaum vun de Schwieregkeete vun deenen iwwer 20.000 aneren Auslänner, déi sech all Joer hei bei eis nidderloossen an Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vun hirem Openthalt brauchen, mengt d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI.

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

D'Gesetz vum 29 August 2008 iwwer déi fräi Zirkulatioun vun de Leit an d'Organisatioun vun der Immigratioun ass komplex a gesäit 18 verschidde Reglementéierunge fir den Openthalt zu Lëtzebuerg vir.

Besonnesch d'Astelle vun engem Net-EU-Bierger op enger Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg ass u vill Konditioune gebonnen an net einfach ze handhaben. All Joer gi ronn 23.300 Auslänner zu Lëtzebuerg nei enregistréiert, dorënner 6.200 Net-EU-Bierger.

Op de soziale Medien no Hëllef sichen

Viru Kuerzem huet eng verzweiwelt Restauratrice aus dem Norde vum Land an engem Video op Facebook ëm Hëllef geruff. Si huet doranner déi sëlleche Schwieregkeeten opgezielt, déi si als Patronne beim Astelle vun enger albanescher Hëllefskraaft erlieft huet. Iwwer Méint huet si versicht, de Mann anzestellen - e Brudder vun zwou aner Persounen, déi scho bei hier schaffen -, awer ouni Succès.

Si beschreift am Video all hir gescheitert Versich, Personal zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend ze fannen. E puer Deeg nom Verbreede vun dësem Video op Facebook krut d'Fra dunn endlech d'Erlaabnis, de Mann aus Albanien anzestellen. Ende gut, alles gut, fir de Patron an och fir déi betraffe Persoun. Mee ass et normal, datt een elo als Patron muss iwwer Facebook esou Openthaltsfroe reegelen?

Berodung dierf kee Geld kaschten

An der ASTI hu mir e Guichet, deen EU- ewéi och Net-EU-Bierger iwwer den Openthalt zu Lëtzebuerg gratis informéiert a Léisunge proposéiert. Vill Lëtzebuerger wende sech un eis, sief et, well si selwer Hëllef brauchen, als klenge Patron net eens ginn oder well si engem anere weiderhëllefe wëllen.

20 Joer huet d'ASTI gebraucht, fir déi Assistante sociale, déi dës ganz spezialiséiert a komplex Aarbecht assuméiert, vun 2017 u vum Familljeministère bezuelt ze kréien. Iwwer e puer Joer konnte mir mat Hëllef vun Donen an europäesche Gelder dës Ulafstell mat zwou Persounen um Liewe behalen. Obwuel sech all Joer iwwer dausend Leit bei eis mellen, Patronen ewéi selwer betraffe Migranten - hu mir fir den 1. Januar missten eng Persoun entloossen, well eis definitiv d'Suen ausgaange sinn.

Komplex Froen iwwer den Openthalt an d'Schaffen zu Lëtzebuerg ginn natierlech och vu sougenannte Relokatiounsfirme fir vill Geld ofgewéckelt. Mee e klenge Patron oder en einfache Bierger ka sech déi Experten net leeschten.

De Staat entzitt sech senge Flichten

An engem Land, an dem sech all Joers méi ewéi 23.000 nei Awunner nidderloossen, iwwerléisst d'Politik den Terrain privaten Déngschter oder Affekoten, déi nëmmen deene Räichste virbehale sinn. Sou entzitt de Staat sech senge Flichten.

An engem Land, an dem eng gutt opgestallten a gratis Berodung fir Openthaltsfroen eng Necessitéit duerstellt. Stéchwuert Familljenzesummeféierung: Vill Leit wëllen hire Partner oder Familljen hir Kanner nokomme loossen. Oder Lëtzebuerger sichen Hëllef, fir sech mat engem Net-EU-Bierger ze bestueden. Patrone wëlle wësse, wéi si konkret musse virgoen, well si am administrativen Dschungel vun de Paperassen an de Konditiounen d'Iwwersiicht verluer hunn. Oder Leit, déi nach an hiren Heemechtslänner sinn, wëlle sech informéieren iwwer hier reell Chancen, hei Pabeieren ze kréien.

De Mënschen Hëllef ubidden

An trotzdeem besteet offensichtlech kee politesche Wëllen, dës Froen aktiv an transparent unzegoen. Solle mir elo all de Patronen oder Leit, déi Problemer hunn uroden, hir Schwieregkeeten op Facebook matzedeelen, wéi d'Restauratrice aus dem Norden et mat Succès gemaach huet?

Déi international Mobilitéit hëlt zou: mir brauchen d'Awanderung fir eisen héije Liewensstandard och an Zukunft kënnen ze garantéieren. Da muss de Staat och konsequenterweis de Mënschen Hëllef an Informatioun zum Openthalt ubidden, an zwar gratis, onkomplizéiert an onofhängeg.

Esou wéi zanter 20 Joer am Guichet Info Migrants vun der ASTI.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.