Automobil-Branche "Eng onrealistesch Mesure"

De Verband vun den däitschen Auto-Constructeuren hat Ufank August no enger Reunioun mat der däitscher Regierung matgedeelt, mat den Ännerunge bei der Software vu fënnef Milliounen Autoe kéint een d'NOX-Emissiounen ëm 25 bis 30 Prozent erofsetzen.

Pit Walté / tsk

Auspuff.jpg
Foto: Bigstock / Olando Stocker

Een onrealistesche Wäert, fënnt de Verkéiers-Expert Axel Friedrich. Hien hält déi vun der däitscher Automobil-Industrie versprache Mesuren am Diesel-Skandal fir onrealistesch.

Duerch d'Software-Nobesserunge bei Diesel-Autoe kéint een d'Stéckoxid-Emissiounen duerchschnëttlech ëm fënnef Prozent reduzéieren, sou den Axel Friedrich am 100,7-Interview.

Een onrealistesche Wäert, fënnt de Verkéiers-Expert Axel Friedrich. Fir de Problem nohalteg ze léisen, misst ee scho verschidden Deeler vum Moto ersetzen.

Ganzen Interview mam Axel Freiderich

Méi zum Thema

Carole Dieschbourg
Ëmwelt

D'Ëmweltministerin ass trotz héije Pollutiounswäerter net fir e Verbuet vun Dieselautoen. Der Carole Dieschbourg no géif een de Problem vrun allem mat enger besserer Mobilitéit an de Grëff kréien.

Ofgaser
Dieselgate

Virun engem Joer gouf de VW-Ofgasskandal opgedeckt, mee och aner Hiersteller hu gefuddelt. D'EU-Kommissioun géif d'Enquêtë bewosst blockéieren, seet den EU-Deputéierte Claude Turmes.

Auspuffen
Automobilindutrie

Bis Enn dës Joers wëll VW hei am Land d'Autoen, deenen hir Ofgaswäerter manipuléiert goufen, ëmrüsten. Eng Entschiedegung ass net virgesinn. Gläichzäiteg préift de Staat, ob eng Plainte gemaach gëtt.

Michel Cames
Ëmwelt

Den Niveau vum kriibsereegende Stéckstoff an der Loft ass permanent ze héich. Dem Michel Cames no, ass déi läscht 20 Joeren an der EU just op Diesel gesat ginn.

Praktesch Infoen

  • 4.6. Generatiounen

    4.6. Generatiounen

    Kiischten a Waasser, Energie am Iessen, de Roger Quaino an d'Operett "Gräfin Mariza"

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen