Radioen

On air

Tockcity  |  Empire of the Sun - Changes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Schulzesch Weltvue"

Fräie Mikro

"Eng Schulzesch Weltvue"

Den SPD-Kanzlerkandidat Martin Schulz huet Lëtzebuerg op en neits als "Steierparadäis" bezeechent. Eng verdréite Perspektiv, mengt de Blogger Bill Wirtz. Éischter wier Däitschland eng Steierhäll.

auto_stories

3 min

An der Politik gëtt et e gudde Wee fir erauszefannen, ob äre Kandidat selwer der Meenung ass, datt seng Chancë gutt oder schlecht stinn, fir d'Wahlen ze gewannen. De gudde Kandidat, dee Confiance huet, wierkt resignéiert a staatsmännesch. De Kandidat, dee Schwieregkeeten an den Ëmfroen huet, ännert den Toun, attackéiert säi Konkurrent méi direkt a personaliséiert seng Wahlcampagne. An da gëtt et de Kandidat, dee verzweiwelt probéiert, datt d'Leit him nolauschteren. D'Taktik hei ass meeschtens net de politesche Konkurrent ze kritiséieren, mä de Bléck op Auslänner oder, nach méi einfach, an d'Ausland ze riichten.

Eng Schulzesch Siicht op d'Welt

An engem Interview mat der Frankfurter Allgemeine Zeitung huet den SPD-Spëtzekandidat Martin Schulz gesot: "Juncker ist tatsächlich ein feiner Kerl - mit Ausnahme dessen, dass er 19 Jahre Ministerpräsident eines Steuerparadieses war. Das habe ich ihm mehr als einmal um die Ohren gehauen." Eng Schulzesch Weltvue.

De Problem ass net de Jean-Claude Juncker ze kritiséieren. Dofir ginn et, bei Wäitem, genuch Grënn. D'Benotze vum Wuert "Steierparadäis" weist just déi verdréit Perspektiv vum Sozialdemokrat. Fir Leit wéi de Martin Schulz, finanzéiert de Staat d'Bierger, obwuel a Wierklechkeet d'Bierger de Staat finanzéieren. De Kanzlerkandidat huet kee Problem, fir d'Steiere konstant z'erhéijen. A jo, an der Praxis heescht dat, datt Leit zu Lëtzebuerg manner Steiere bezuelen, wéi zu Berlin. Mä kéint et a Wierklechkeet net sinn, datt amplaz datt Lëtzebuerg ee Steierparadäis, Däitschland eng Steierhäll ass?

Keng nei Rhetorik

Lëtzebuerg huet a Saache Steierofkommes an deene leschte Jore Fortschrëtter a Richtung Transparenz gemaach. Wie mengt, datt Lëtzebuerger am finanzpoliteschen Eldorado liewen, dee soll emol Mëttelstänneger froen, wéi tropesch si sech fillen, wa se kucken, wéi vill Steiere se bezuelen.

A wat Steieraccorde mat gréisseren Entreprisen ugeet: De Grand-Duché huet sech net dofir z'entschëllegen, datt mir eng raisonnabel Steierpolitik féieren. Déi net, wéi beim franséische Modell, dofir suergt, datt Entreprisen déi Aarbechtsplaze schafen, d'Land verloossen.

Déi Rhetorik ass net nei. Den Trick vun der "Steuerparadies"-Rhetorik ass iwwregens och net nei. Wéi däitsch Politiker ëm 2008 vun de Problemer am eegene Land oflenke wollten, ass den deemolege Finanzminister a spéidere Kanzlerkandidat, Peer Steinbrück, och iwwer de Grand-Duché hiergefall. Hie wollt deemools Lëtzebuerg d'Kavallerie schécken. Säi Parteikolleg Franz Müntefering sot wuertwiertlech: "Früher hätte man dort Soldaten hingeschickt - aber das geht heute nicht mehr".

Schulz-Effekt just waarm Loft

Esou fuerchtbar Aussoe stinn dem däitsche Sozialdemokrat schlecht zu Gesiicht. Besonnesch am Kontext vun der Vergaangenheet vun eisen Noperen. Verzweiflungsakt. No aktuellen Ëmfroen ass dat, wat vill däitsch Journalisten am Ufank de "Schulz-Effekt" genannt haten, just waarm Loft. D'SPD läit bei 20 Prozent, iwwerdeems der Angela Merkel hir Unioun momentan bei iwwer 40 Prozent läit.

Wéi de Kandidat Schulz annoncéiert huet, datt hie wéilt deen nächsten Däitsche Bundeskanzler ginn, war d'Euphorie bei der SPD grouss. E puer Méint méi spéit ass d'Positioun fir d'Sozialdemokrate kritesch. Hire Kandidat gëtt dacks als ze haart, aggressiv an iwwerhieflech gesinn. Dës Arroganz op seng Noperen z'applizéieren, mécht d'Saach sécher net besser.

Här Schulz, Dir verstitt jo Lëtzebuergesch: Är Attacken hu keen Effekt, si bréngen Iech keng Sympathien, a si representéieren net d'Realitéit. Dir wëllt jo esou ee groussen Europäer sinn. Fänkt emol domat un, Är Nopeschlänner ze kennen.