D'Reaktiounen op d'Entrevuen, déi Kandidatin von der Leyen am Europaparlament hat, ware méi negativ, wéi dat ze erwaarde war.
D'Ursula von der Leyen huet an hiren Äntwerten op d'Froe vun den Europadeputéiert éischter vag geäntwert. Et hätt hir net geschuet, hir Positiounen an engem Wahlkampf ze schäerfen. An um Enn kéint si op eng Majoritéit kommen, déi si zu engem signifikanten Deel den Euroskeptiker ze verdanken huet. D'Extrem Droite (de politesche Grupp, an deem déi italienesch Lega Nord, de belsche Vlaams Belang, de franséische Rassemblement National an déi däitsch AFD vertruede sinn) hunn ugedeit, si kéinte fir d'Kandidatin stëmmen, fir een Zeeche géint de Spëtzekandidatesystem ze setzen.
Dat wier een alarmant Signal, sou d'Analys vun eiser EU-politesch Korrespondentin Danièle Weber.