arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng schwiereg Saison fir d'Jugendherbergen

Corona-Kris

|
reading time

2 min

Eng schwiereg Saison fir d'Jugendherbergen

De Reseau vun den néng Jugendherberge muss sech dëse Summer op eng méi roueg Saison astellen. Am Verglach mam leschte Joer sinn d'Iwwernuechtunge wéinst der Corona-Pandemie komplett agebrach. Och wärend der aktueller zweeter Well kommen nëmme ganz wéineg international Gäscht.

reading time

2 min

Am Juni virun engem Joer wieren et 17.560 Iwwernuechtungen an den néng Jugendherberge ginn, seet de Peter Hengel, Direkter vun de Jugendherbergen. Dëst Joer am Juni waren et just 3.600 Iwwernuechtungen. "Dat si grouss Differenzen, an déi wäerte sech och an deene kommende Méint erëmspigelen."

Demande um ländleche Raum ass grouss

De Réckgang vun den Iwwernuechtungen ëm quasi 80 Prozent wéinst dem Coronavirus hätt d'Ekipp extrem gepräägt, esou den Direkter vun de Jugendherbergen. Wärend dem Confinement waren d'Haiser ganz zou. Eng Jugendherberge zouzemaache wier en drastesche Schrëtt, fënnt de Peter Hengel.

Déi am Pafendall mat 240 Better ass soss 24/24 Stonnen an dat ganzt Joer iwwer op. Zanter dem 1. Juni ass d'Jugendherberg erëm op, an de Peter Hengel seet, et géif him Courage maachen ze gesinn, datt d'Demande lues a lues erëm klëmmt. Am ländleche Raum wier d'Demande "richteg grouss": ganz vill Famille géifen do buchen, an et géif och vill op de Bong vu 50 Euro zeréckgegraff ginn.

An der Stad si wéineg Clienten

Wéinst de Bonge vu 50 Euro, déi d'Lëtzebuerger zanter dem 15. Juli akasséiere kënnen, wier d'Clientèle haaptsächlech regional. Déi negativ Schlagzeile ronderëm déi aktuell zweet Well un Infektiounen hätt awer och fir eng ganz Rëtsch Annulatioune gesuergt. Genee chiffréiere konnt de Peter Hengel dat net.

Dovun ass haaptsächlech d'Stater Jugendherberg betraff, hei géife vill Schoulklasse komme fir op de Kierchbierg ze kommen a sech d'Stad unzekucken. Dëse groussen Deel vun der Clientèle wier de Moment awer net an der Stad ënnerwee, esou de Peter Hengel. Konsequenz: Et wiere kaum international Gäscht an der Stater Jugendherberg.