Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Strategie bis 2025

Chambre de Commerce

Eng Strategie bis 2025

De Luc Frieden, neie President vun der Chambre de Commerce, wëllt d'Qualifikatioun an d'Formatioun vun de Mataarbechter an de Fokus setzen. Eng Fusioun vun Handels- an Handwierkerkammer wier keen Thema. Op enger Pressekonferenz huet hien op d'Joer 2018 zeréckgekuckt an d'Strategie presentéiert, vun där d'Chambre de Commerce sech bis 2025 an hirer Aktioun wëllt guidéiere loossen.

auto_stories

4 min

De Luc Frieden mécht et gär didaktesch. Dat huet e schonn als Politiker esou gehandhaabt, an déi Gewunnecht huet hien a senger neier Roll och net verluer. Ganz an deem Sënn huet den neie President seng Ausféierungen dofir och ugefaange mat enger Beschreiwung vun deem, wat d'Chambre de Commerce duerstellt an deem, wat se vun der UEL, der Unioun vun den Entreprisen ënnerscheet.

E Sproochrouer vun 90.000 Entreprisen

D'Handelskammer, dat sinn 90.000 Entreprisen, déi 75 Prozent vun den Aarbechtsplazen an souguer 80 Prozent vum PIB hei am Land ausmaachen. Domat wier se dat offiziellt Sproochrouer "vun all deenen Entreprise vis-à-vis vun der Ëffentlechkeet, vis-à-vis vum Staat", schlussfolgert de Luc Frieden.

D'UEL wier net per Gesetz geschaaft ginn, mee wier eng Vereenegung, déi sech op dräi Sujete limitéiere géif: Aarbechtsrecht, Sécurité sociale a Fiskalitéit, gëtt vun der Chambre de Commerce awer ganz staark ënnerstëtzt, och finanziell.

D'Chambre de Commerce soll méi visibel ginn

De Luc Frieden ass eréischt e Mount President vun där Chamber, hie wär am gaange sech en Iwwerbléck ze verschafen, sot hien. Hien hätt scho vill mat Entreprise geschwat, an sou lues géif him kloer ginn, wéi eng Elementer d'Aktioun vun der Handelskammer an den nächste Jore misste bestëmmen: d'Qualifikatioun an d'Formatioun vun de Mataarbechter, dann de Volet kënschtlech Intelligenz, Robotik, Blockchain an drëttens den internationalen Developpement vun de Betriber.

Dat alles géif viraussetzen, datt seng Institutioun an Zukunft e bëssen anescht géif optriede wéi bis elo. Hien hätt gär, datt d'Chambre de Commerce visibel ass an net nëmme ganz wichteg Avisen zu Gesetzesprojete géif schreiwen, "mee dat ass eng Aarbecht, déi vläicht net ëmmer an d'Aktualitéit géif kommen." Et géifen nach vill aner ekonomesch Sujete ginn, op deenen d'Chambre de Commerce an den nächste Jore wéilt present sinn, seet de Luc Frieden.

Den Entreprisen e komplette Service ubidden

D'Chambre de Commerce hätt nämlech eng wichteg Roll am ëffentlechen Debat ze spillen, sou hire President, ouni dobäi hir Missioun an der Hëllef fir d'Entreprisen ze vernoléissegen, natierlech. Do stécht besonnesch d'House of Entrepreneurship ervir, e sougenannten "one-stop-shop", wou d'Betriber op enger Plaz eng ganz Rei Informatioune kënne kréien an Demarchë kënne maachen, an dat ouni wäit mussen ze lafen. Haut scho si 25 Partner do present.

An de Staat wier am gaangen z'iwwerleeën, ob e seng Präsenz, déi en do schonn huet, net weider verstäerke sollt. De Mëttelstandsminister Lex Delles fënnt, datt "et wierklech Sënn mécht do derbäi ze sinn". Dat wier am Endeffekt fir dem Client, "wat an dësem Fall d'Entreprise selwer ass, och kënnen dee komplettste Service, deen ee brauch, unzebidden".

De Betriber hëllefen e Prêt ze kréien

An enger ähnlecher Optik huet d'Chambre de Commerce rezent och ee Service reforméiert: hir sougenannt Mutualité de Cautionnement, déi déi néideg Garantië ka ginn, wann e Betrib e Prêt bei enger Bank wëllt kréien.

De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Handelskammer, huet präziséiert, datt de Montant heivir vu 50.000 Euro op 250.000 Euro an d'Luucht géif goen. "Dat ass wichteg, well elo kënnen esouwuel innovativ Betriber gehollef kréien, wéi awer och Betriber, déi en Investissement immobilier maache wëllen". D'Croissance-Tauxen an deem Beräich wiere spektakulär, seet hien. Et schéngt deemno, wéi wann et do e reelle Besoin géif ginn.

Eng Fusioun vun Handels- an Handwierkerkammer wier am Moment keen Thema. De Luc Frieden sot, hien hätt awer scho mam President vun der Chambre des Métiers eng ganz enk Zesummenaarbecht ofgemaach, zum Beispill - mee net nëmmen - a Form vu gemeinsamen Avisen zu legislativen Texter.