Wann een eppes net maache wéilt, géif een ëmmer eng Excuse fannen, a wann een eppes maache wéilt, géif een och ëmmer eng Léisung fannen, ënnersträicht de Christophe Najdovski am 100,7-Interview.
Hien ass ee vun den Adjointë vun der Paräisser Buergermeeschtesch an huet an de leschte Jore maassgeeblech dozou bäigedroen, de Vëlo als Transportmëttel an der franséischer Haaptstad ze promovéieren.
De Fait, datt d'Stad Lëtzebuerg eng al Festungsstad ass, an där et op an of geet, léisst hien als Ausried net gëllen: hautdesdaags géifen et och Elektrovëloe ginn, déi et jiddwerengem erlabe sech ganz confortabel an ouni ze vill Efforten ze deplacéieren. "On n'est pas là pour faire du sport, on est là pour se déplacer."
Eng politesch Fro
Paräis ass haut am Ranking vun de vëlosfrëndlechste Stied op der aachter Plaz. De Christophe Najdovski ënnersträicht am 100,7-Interview, datt och wann eng Stad keng Reputatioun dofir huet eng besonnesch Vëloskultur ze hunn, kéint se awer Efforte maachen.
Genee dat hätt een an de leschte fënnef Joer och zu Paräis gemaach a gewisen, datt d'Verhale vun de Leit sech verännere kéint.
"En fait, c'est une question de volonté politique. Les Danois et les Néerlandais ne sont pas différents de nous. Ils n'ont pas des gènes différents. Ils ont eu simplement une volonté à un certain moment donné de transformer leurs villes. Et ils l'ont fait."
D'Stad vum 21. Joerhonnert
Fir eng Stad vëlosfrëndlech ze maache bräicht een eng Visioun, wéi eng Stad vum 21. Joerhonnert soll ausgesinn, seet de Christophe Najdovski. D'Stied kéinten net esou bleiwe wéi am 20. Joerhonnert, d'Welt hätt sech verännert an de Klimawandel wier och do.
"On l'a vécu, on le vit. Et donc on doit agir. Agis maintenant. Concrètement. Ici."
Fir d'Stad vum 21. Joerhonnert ënzesetzen, misst een och Geld an de Grapp huelen, betount de Christophe Najdovski. Paräis huet an der lescht 12 Euro pro Awunner pro Joer an d'Vëlosinfrastruktur gestach - zu Kopenhagen, Amsterdam an Utrecht waren et eng 30 Euro pro Awunner gewiescht.