Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Someone Close

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Visioun ouni Konflikter

LAG VUN DER EUROPÄESCHER UNIOUN

Eng Visioun ouni Konflikter

D'EU-Kommissiounspresidentin huet am Europaparlament hir éischt Ried zur Lag vun der Unioun gehalen an do hir Iddie fir den europäesche Wee aus der Kris beschriwwen. Aktuell Sträitpunkten an der EU huet si éischter ausgeklamert.

auto_stories

5 min

D'EU-Kommissiounspresident Ursula von der Leyen bei hirer Ried am EU-Parlament. Foto: EU / Daina Le Lardic

D'Ried zur Lag vun der Unioun ass eng Zort " state of the union", nom Virbild vum traditionelle Speech vum amerikanesche President all Joers am Kongress. Fir d'Ursula von der Leyen war et eng Première an d'Kommissiounscheffin huet an hirer Ried net mat grousse Wierder gespuert.

"Dëst ass de Moment fir Europa, fir de Wee ze weisen aus der Fragilitéit bei eng nei Vitalitéit", esou d'Ursula von der Leyen mat Bléck op d'Corona-Kris. An där Kris gouf villes geaffert, mee d'Europäer hätten och hir eege Wäerter nees entdeckt. "Mir hunn d'Visioun, mir hunn e Plang, mir hunn d'Investitiounen. Et ass Zäit, elo drun ze schaffen", esou den Opruff vun der däitscher CDU-Politikerin.

Mee wéi genee soll dat elo ugepaakt ginn? Do léisst d'Kommissiounspresidentin nach vill Froen op.

Direktiv fir een europäesche Mindestloun

Zu de konkretsten Annoncë gehéiert déi vun engem gesetzleche Kader fir een europäesche Mindestloun. Eng Propos, wouriwwer sech de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir d'Aarbecht freet.

Laang war doriwwer spekuléiert ginn, ob d'Kommissioun just eng Recommandatioun un d'Memberlänner erausgëtt, oder awer ee verbindlecht Instrument proposéiert. "Et soll an d'Richtung vun enger Direktiv goen", confirméiert eis den Nicolas Schmit.

"Dat ass ee wichtegt Signal vun dëser Kommissioun an och vun der Presidentin. Si huet kloer gemaach, datt dat soll ee legale Kader ginn. D'Kommissioun mécht doduerch kloer, datt si déi sozial Dimensioun seriö hëlt."

Zimmlech konkret ass och d'Propos vun der Kommissiounspresidentin am Klimaschutz eng Schëpp bäizeleeën. D'Reduktiounszil fir CO2-Emissioune bis 2030 soll vu 40 op 55 Prozent eropgoen. Dat ass ee grousse Schratt.

Mee dat war et dann awer och scho bal mat de gräifbaren Annoncen.

Neie Versuch, de Veto ofzeschafen

Vill Applaus krut d'Ursula von der Leyen fir hir Ausso: "Wann d'Memberlänner soen, d'EU ass ze lues, soen ech, dann hutt de Courage, de Vott duerch eng qualifizéiert Majoritéit anzeféieren".

Unanime Decisiounen a bestëmmte Beräicher, wéi zum Beispill der Aussepolitik, ofzeschafen, ass een alen Hutt an der EU. Ze dacks goufe proposéiert Sanktioune géint ee Land oder Persounen duerch de Veto vun engem oder just e puer Memberstaate blockéiert. D'Eestëmmegkeet ofzeschafen hat awer och schonn de Virgänger vun der Ursula von der Leyen, de Jean-Claude Juncker proposéiert. Ouni Succès.

D'Ursula von der Leyen bei hirer Ried am EU-Parlament. Foto: EU / Daina Le Lardic

Dat läit net un der Kommissioun, seet den Nicolas Schmit. "D'Kommissioun eleng hätt dat scho laang decidéiert, hei sinn d'Memberlänner gefuerdert."

Déi allerdéngs missten esou eng Ännerung unanime decidéieren, an do schléisst sech den Däiwelskrees. Well, esou de Nicolas Schmit: "Et riskéiert u Länner ze scheiteren, déi eis och elo Problemer maachen, wann et heescht gewëss Decisiounen ze huelen."

Et ass deemno net warscheinlech, datt dat geschitt. "Et muss op der Agenda bléiwen", dovun ass de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister awer iwwerzeegt. Och dovun, datt et net onbedéngt bei der Aussepolitik bleiwe géif. Do sollt ee sech näischt virmaachen, esou den Nicolas Schmit. Wann ee virukomme wëllt, wier et och an der Steierpolitik schwéier, dat nëmmen iwwer d'Unanimitéit ze maachen.

An deem Fall géif sech dann allerdéngs Lëtzebuerg dogéint wieren, dat huet d'Regierung schonn annoncéiert.

Wat kascht d'Solidaritéit

An der Migratioun mécht d'Kommissiounspresidentin ee weideren Appell un d'Solidaritéit. Et ass ee vu villen, wéi se och de Jean-Claude Juncker jorelaang ëmsoss lancéiert hat.

Trotzdeem muss een dru festhalen, seet den DP-Europadeputéierte Charel Goerens. Fir hie misst een d'Anhale vum solidaresche Prinzip noutfalls un d'Verdeele vun EU-Sue knäppen. Och d'CSV-Europadeputéiert Isabelle Wiseler ass där Meenung: "D'Solidaritéit muss och spillen, well eng Legislatioun do ass, déi d'Länner dozou forcéiert."

Genee op deem Gebitt ass d'Kommissiounscheffin awer gëschter och zimmlech vag bliwwen. Zwar huet si betount, datt EU-Suen just da fléisse sollten, wa sech d'Länner och un déi europäesch Wäerter halen. Si ass awer net weider drop agaangen, datt dat den Ament nach laang net ëmmer de Fall ass an huet et evitéiert, sech direkt u Länner wéi Polen oder Ungarn ze adresséieren.

Iwwer déi geplangte Reform vum europäeschen Asylsystem, déi d'Kommissioun déi nächst Woch presentéiere wëllt, soll op ee verbindleche Quotesystem, fir Refugiéen an der EU ze verdeelen, verzicht ginn. De Jean-Claude Juncker hat esou System proposéiert, war awer och domat net duerchkomm.

Den Nicolas Schmit seet, et misst een hei realistesch bleiwen.

"Dat ass och fir mech perséinlech net einfach ze akzeptéieren, mee Reprochen eleng bréngen eis net weider. Mir musse Léisunge sichen, déi d'Solidaritéit vu jiddwerengem fuerderen, mee eis net total blockéieren."

Am Numm vum Deblockage soll also d'Lat méi niddreg ugesat ginn. Wat dës Kéier vun den neien an alen Iddien, déi vun der Kommissioun aus lancéiert ginn, an den europäeschen Haaptstied op méi oppen Ouere stéisst, wäerten d'Diskussiounen an den nächste Wochen a Méint weisen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.