Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Second Judy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng vu villen Demanden"

Affär Traversini

"Eng vu villen Demanden"

Bei der Autorisatioun vun den Aarbechten um Roberto Traversini sengem Gaardenhaus wier d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg der Logik vun hire Beamten nogaangen. Dat huet si op enger Pressekonferenz erkläert.

auto_stories

2 min

Op dëser Pressekonferenz huet si den Autorisatiounsdossier zur Verfügung gestallt an hir Beamten hunn Erklärunge ginn. Esou huet d'Ministesch méigleche Virwërf vun der CSV virgegraff, déi en Avis juridique maache gelooss huet, ob d'Carole Dieschbourg d'Autorisatioun hätt dierfe ginn oder net. D'CSV huet d'Carole Dieschbourg opgefuerdert, d'Urgence an d'Chamberkommissioun ze komme fir Erklärungen ze ginn.

De Michel Leytem, Bezierkschef vun der Natur- a Bëschverwaltung fir de Süden huet erkläert, datt bei der Demande vum Roberto Traversini d'Reglement vun der Réserve naturelle Prënzebierg gekuckt gi wier. Dat wier e "ganz strengt" Reglement wat festleet, datt ee keng nei Constructioune maachen dierft. Allerdéngs wier et méiglech, datt u Constructiounen, déi scho bestinn, "verschidde Saache kënnen dru gemaach ginn". An dësem Fall wier sech un den Artikel 7 vum Naturschutzgesetz referéiert ginn, deen et erlaabt fir an enger Zone verte en hëlze Bardage drun ze maachen, "fir datt e mam natierlechen Ëmfeld besser harmoniséiert", esou de Michel Leytem.


Erklärunge vum Michel Leytem:

Lauschterenplay_arrow


D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg seet, si hätt déi fäerdeg Autorisatioun vun hire Mataarbechter kritt a si hätt "deenen Iwwerleeungen, déi do dra stoungen, suivéieren". D'Aarbechten um Gaardenhaische wieren eng Verbesserung gewiescht, well et soss zesummegefall wier. Bei der Demande géif et sech ëm "Spitzfindegkeeten" handelen. Et wier elo um Verwaltungsgeriicht, fir dat genee ze klären, esou d'Carole Dieschbourg.


Erklärunge vun der Carole Dieschbourg

Lauschterenplay_arrow


D'Carole Dieschbourg konnt sech iwwerdeems net drun erënnere mam Roberto Traversini iwwer seng Demande geschwat ze hunn.