Accisen um Sprit Eng zweet Erhéijung

D'Accisen um Sprit gi fir d'zweet bannent engem Joer gehéicht. Trotz der éischter Augmentatioun am Mee gëtt dëst Joer esou vill Sprit verkaf, wéi zanter 2012 net méi. Dat ass e Probleem, wa Lëtzebuerg seng Klimaziler fir 2020 wëllt erreechen.

Michèle Sinner / cbi

Accisen um Sprit ginn erop
Foto: Bigstock / Proxima Studio

Dëst Joer wäert zu Lëtzebuerg esou vill Sprit verkaf ginn, wéi zanter 2012 net méi. An dat obwuel d'Regierung am Mee eng éischt Hausse vun engem, respektiv zwee Cent de Liter um Bensin an um Diesel duerchgeféiert hat.

Zanter dem 1. Mee wieren d'Quantitéite vum Diesel ëm 2,5 Prozent an d'Luucht gaangen, seet de Pierre Gramegna. "Dat heescht, déi Augmentatioun vun den Accisen hunn en Impakt op d'Quantitéiten, déi verkaf ginn."

Ee Problem fir d'Klimaengagementer

Dobäi ass de Volume vum verkaafte Bensin tëschent Mee an November ëm fënnef Prozent an d'Luucht gaangen. Dat ass wuel manner séier wéi virdrun, mee well d'Evolutioun och beim Diesel an deene Méint virdru ganz rapid war, sinn d'Ventë vum Sprit fir dëst Joer méi héich, wéi dat am Budget virgesinn ass.

Der Chamber no, déi gëschter och informéiert gouf, géifen dëst Joer 2,65 Milliarde Liter Sprit zu Lëtzebuerg verkaf ginn. Dat ass e Probleem, wa Lëtzebuerg seng Klimaengagementer bis 2020 wëllt erreechen, erkläert de Energieminister Claude Turmes.

"Déi zwee Prozent, déi mer eropgaangen si beim Diesel, hunn e liichten Effet. Mee deen Effet geet nach net duer fir eis Ziler vun 2020. An dorëms geet et d'nächst Joer. D'nächst Joer gëtt ofgerechent den Effort vun dëser Klimaperiod um europäeschen Niveau a mat de Verkafszuele vun dësem Joer, déi bis elo bekannt sinn, also November inclus, si mer nach net gutt genuch. An dofir musse mer nach e weidere Schrack huelen."

Manner attraktiv gi fir d'Camionen

Tëschent engem an dräi, respektiv tëschent dräi a fënnef Cent de Liter solle Bensin an Diesel dofir ufanks d'nächst Joer méi deier ginn. Et wéilt een domat virun allem manner attraktiv gi beim professionellen Diesel fir d'Camionen. Duerch déi ugekënnegt Hausse kéint den Ecart zu Däitschland an zu Frankräich drastesch ofhuelen. "Mir mengen, datt mer doduerch, dat wat ëmmer als Tanktourismus bezeechent gëtt, gutt wäerte kënne bekämpfen", esou de Pierre Gramegna.

Datt Haussen an dëser Gréisstenuerdnung dozou féieren, datt d'Consomatioun zeréckgeet, hat de Romain Bausch, de President vum Conseil national des finances publiques, virun e puer Woche bei der Presentatioun vu sengem Avis iwwer de Budget bezweifelt:

"Wann ech dat just kucken, dat ass esou minimal, wann der nëmme kuckt, d'Beweegung vun dem Pëtrolspräis. Also datt iwwerhaapt eng Diskussioun stattfënnt, ob eng Erhéijung ëm een oder fënnef Cent, oder och souguer ëm zéng Cent, iergendeen Impakt hätt op de Konsum, dann ass dat lächerlech."

De Finanzminister huet dës Kritik ofgewisen. Et kéint een net wëssen, wat den Impakt kéint sinn, well et keng Automatisme géif ginn. "Dat wat direkt aliicht, dat wier, wann an eisen dräi Nopeschlänner d'Accisen och an d'Luucht gesat géife ginn."

Ee Kompromëss

Fir den Aarbechtsminister war d'Hausse vun den Accisen de Kompromëss, op dee sech d'Regierungsparteie gëeenegt hunn. Et géif dem Bewosstsinn Rechnung droen, datt een eppes fir d'Klima misst maachen, datt een déi Moossname sozial ausgläicht an datt ee finanziell "d'Kand net mam Waasser sollt ausschëdden", wéi den Dan Kersch seet.

Fir dëst Joer sinn am Budget 958 Milliounen Euro u Recetten aus de Spritaccise virgesinn a fir dat nächst Joer 987 Milliounen Euro. Historesch kéimen dovun dräi Véierel aus den Accisen um Diesel professionell vun de Camionneuren.

D'nächst Joer solle sech d'Baisse vum verkaafte Volume an d'Augmentatioun vum Taux ausgläichen, sot de Finanzminister, sou datt Mesure fir de Budget 2020 bal neutral wier.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen