Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enquête wéinst Rebellioun a Police-intern Enquête goufe lancéiert

No Kläppereien an der Stad

Enquête wéinst Rebellioun a Police-intern Enquête goufe lancéiert

Eng Kläpperei hannert dem Palais op Nationalfeierdag kritt méiglecherweis Suiten: 100,7-Informatiounen no huet de Parquet eng Enqête wéinst Rebellioun opgemaach, an d'IGP eng Enquête wéinst méiglechem Feelverhale vun der Police. Dat krute mer vum Justizspriecher confirméiert.

auto_stories

1 min

E jonke Mann ass méi eescht am Gesiicht blesséiert ginn. Et gëtt elo iwwerpréift, ob d'Police Schold dorun ass. Eis leien eng Partie Videoe vir, déi op de soziale Reseaue gedeelt goufen. Dorop ass kloer z'erkennen, datt d'Situatioun hannert dem Palais eskaléiert ass. Zum Deel sinn och hefteg Aktioune vun der Police ze gesinn. Et goufe Knëppelen a Pefferspray agesat. E Grupp vu Jonken hätt moies um halwer dräi ëmmer nees randaléiert an d'Police provozéiert, huet et am Policebulletin geheescht. Deemno wier e Polizist mat der Fauscht geschloe ginn a Jonker wiere blesséiert ginn.