Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entscheedung iwwer Deconfinement nächst Woch

Corona-Kris

Entscheedung iwwer Deconfinement nächst Woch

Mëtt der nächster Woch wäert d'Regierung d'Decisioun huelen, ob et den 11. Mee zu weideren Deconfinementer am Land kënnt, seet de Xavier Bettel. Déi Decisioun géif dann eenzeg an eleng op der Basis vun den Infektiounszuele geholl ginn, déi dee Moment virleien.

auto_stories

3 min

De Staatsminister Xavier Bettel

Bis dohi misst gewosst sinn, ob, a wa jo: wéi staark d'Reprise am Bausecteur sech an deenen Zuele bemierkbar mécht. Da wieren zwou Wochen nom éischten Deconfinement eriwwer, an de Xavier Bettel hofft da kënnen "Annoncë maachen, wat den 11. da kéint opgoen". De Moment wieren d'Zuele rassurant, mee "den Impakt kënne mer nach net moossen", esou de Staatsminister.

Et géif ee sech awer net just vun enger Zuel leede loossen, ënnersträicht de Xavier Bettel, mee et wieren eng Rëtsch vu Facteuren. "Mee dee Facteur, deen am wichtegsten ass, ass d'Occupatioun vun den Intensiv-Better." Dësen Taux hätt ee kënnen niddreg halen, mee et misst een och kucken, wéi et personalméisseg géif ausgesinn.

"Ee Covid-19-Patient op enger Intensivstatioun brauch net nëmmen eng Persoun, e brauch eng Rëtsch Persounen. Dat heescht, et geet net domat duer d'Better ze hunn, et muss een och d'Personal hunn. An do wësse mer, datt mer nach Sputt hunn. Mir sinn am Moment bei engem Taux d'occupation vun aacht bis 15 Prozent, et hänkt vun den Deeg of."

Dës Zuele kéinte mam éischten Deconfinement nach änneren, "an dowéinst muss een déi doten Zuel analyséieren, kucken, wéi d'Evolutioun an den nächsten Deeg ebe geet, fir kënnen den nächste Mëttwoch d'Analys ze maachen", seet de Xavier Bettel. Eréischt da kéint een déi verschidden Zenarie kucken a politesch Responsabilitéit huelen, wéi eng Richtung ee kéint ukënnege fir den 11. Mee.

"Mee mir wëssen alleguer: deen, dee mengt, datt dee Virus muer net méi hei ass, dee läit falsch. Dee Virus ass elo do, dee Virus wäert och déi nächst Wochen a Méint hei bleiwen. Et wäerten och déi nächst Wochen a Méint nach Leit un deem Virus stierwen. Mee de But ass, datt mer an Dignitéit d'Leit kënnen am Spidol empfänken, an eben och kucken, déi meeschte Liewe kënnen ze retten."

Datume fir d'Schoulrentrée bleiwen

Wat d'Rentrée an de Schoulen ubelaangt, huet de Staatsminister confirméiert, datt um annoncéierte Kalenner festgehale gëtt. Et wier awer net einfach, alles am Respekt vun de Reegelen ze organiséieren.

"Hei si mer an exzeptionelle Situatiounen, wou mer exzeptionell Mesurë brauchen, a mir wäerte wierklech kucken, datt alles stattfënnt, fir datt et och méiglech gëtt."

D'Rentrée wier nämlech fir d'Wuel vun de Kanner wichteg.

De wirtschaftlechen Impakt ass nach net kloer

De wirtschaftlechen Impakt vun der Kris ass enorm, e kritt natierlech massiv Auswierkungen op de Budget 2021: "e puer Milliarden Defizit", sot de Premier, amplaz vun engem Iwwerschoss vun 800 Milliounen Euro.

D'Regierung géif am Moment dovun ausgoen, datt de Chômage moderat an d'Luucht an de PIB an enger Gréisstenuerdnung ëm 4,5 Prozent géif zeréckgoen. Et wier awer Kaffisazlieserei, fir e geneeë Chiffer ze nennen, mengt de Xavier Bettel.

"Ech weess net, wéi laang déi Kris dauert. Da Deierst wier - an dofir déi Prudence vun dëser Regierung - wa mer eng zweet, eng drëtt an eng véiert Well géife kréien, an am Fong op mëttel Dauer net nees en normaalt Liewe kéinte féieren."

Wichteg fir d'Journaliste wier et, op Pressekonferenzen nees Froe stellen ze kennen.

"Ech weess, datt et do Nohuelbedarf gëtt, mir sinn amgaang drun ze schaffen. An normalerweis misst fir d'nächst Woch och eng aner Solutioun kommen."

D'Pressekonferenze sinn da wuel am Konferenzzenter um Kierchbierg, mat Maskeflicht an zwee Meter Ofstand.