Mouvement Ecologique Entworf zur Landesplanung: een "Tiger ouni Zänn"

De Mouvement Ecologique beschreift den Entworf zur Landesplanung (PDAT2023) als "Tiger ouni Zänn". D'Landesplanung wier nach ëmmer der Gemengenautonomie an dem Privateegentum ënnergeuerdent

Jo Diseviscourt / cbi

Illustratioun Landesplanung
Illustratioun: Bigstock / viri

Lauschteren


De Mouvement Ecologique kritiséiert, d'Visioune vum Entworf zur Landesplanung géifen net der Realitéit entspriechen. Déi grouss Fro wier et fir dësen Ecart ze iwwerwannen.

A ville Punkte wier ee Realitéitscheck néideg gewiescht, dee gouf awer net gemaach, kritiséiert d'Presidentin Blanche Weber:

"Hu mir wierklech genuch Waasserreserven, fir an déi do Richtung ze goen? Hu mir wierklech genuch Land? Kréie mir de Verkéier wierklech organiséiert?"

De "Stresstest", ob genuch Waasserreserven do wieren, wier awer ni gemaach ginn.

De Wuesstem an der Kritik

An hirem Avis gräift de Mouvement Ecologique och de Wuesstem op. Sou géif den Entworf zur Landesplanung zu kengem Ament analyséieren, ob eng nohalteg Entwécklung vun eisem Land iwwerhaapt mam stännege Populatiouns- a Wirtschaftswuesstem vun eisem Land ënnert een Hutt ze kréien ass, seet d'Blanche Weber:

"Mir wëllen ze vill beieneen. Mir wëllen ee Paradigmewiessel, wéi mir zesummeliewen. Mir wëllen eng aner Partnerschaft mat de Gemengen. Mir wëlle Ministèren, déi méi zesumme schaffen. A mir wëlle wuessen. Dat ass e bëssen ze vill beieneen."

Eng national Debatt

Luewenswäert fënnt de Mouvement ënner anerem, datt d'Zesummenaarbecht an der Grenzregioun verbessert soll ginn an ee verstäerkt op d'Revitaliséierung vu Stad- an Duerfkäre setzt.

Trotzdeem bréicht Lëtzebuerg eng national Debatt zum Theema Landesplanung. D'Hoffnung beim Mouvement ass et, datt dëst am Kader vun de Chamberswalen nächst Joer eventuell geschéie wäert.

Méi zum Thema

Symbolbild Landesplanung
Landesplanung

Viru kuerzem gouf de Plan directeur fäerdeg, ee vun de wichtegsten Instrumenter vun der Landesplanung. D'Gemenge misste bei den Diskussioune méi agebonne ginn, fuerdert de Syvicol.

Kadaster Bauen
"Des cartes et des chiffres"

A senger neier Serie "Karten an Zuelen" verëffentlech de Ministère fir Landesplanung eng Rei Fakten iwwer Landesplanung a Landesverbauch zu Lëtzebuerg. Dëst ass e wichtegt Instrument fir Landesplanung.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen