Am Europaparlament wëllt d'Monica Semedo sech dofir virun allem op sozial Themen spezialiséieren. Zum Beispill, wéilt si sech dofir engagéieren, datt méi Moyene fir europäesch Austauschprogrammer wéi den Erasmus Plus zur Verfügung gestallt ginn - och fir Jonker aus manner privilegéierte Verhältnisser.
No iwwer 20 Joer bei RTL Tëlee geet d'Monica Semedo elo fir d'DP an d'Europaparlament. Domat ass si eng vu villen Tëléesperséinlechkeeten hei am Land, déi de Sprong an d'Politik gepackt hunn. Ob deen Hannergrond fir hir nei Funktioun e Virdeel ass, kann d'Monica Semedo net soen. "Et war eng ganz aner Aufgab, d'Leit direkt unzeschwätzen. Rieden ze halen - dat ass keng Moderatioun. Eng Ried ass och eppes ganz Perséinleches", sou déi nei Europadeputéiert. Si kéint zum Deel vun hirer Beruffserfarung profitéieren a vun hirer Capacitéit fir professionell a konzentréiert ze schaffen.