D'Ekonomistin bei der Handelskammer huet rezent eng Publikatioun iwwer Kreeslafwirtschaft erausbruecht. Wéi vill Initiativen et an deem Beräich hei am Land bis ewell ginn, konnt d'Ekonomistin net soen. Als Beispill huet si awer ënner anerem gréng Obligatiounen oder de Label vun der Superdreckskëscht genannt. Erausfuerderunge wieren hirer Meenung no fir Synergien an eng national Strategie am Dossier ze schafen.
Lauschtert dat ganzt Gespréich mat der Ekonomistin vun der Chambre de Commerce: