Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Weezer - Buddy Holly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Erënnerung ass d'Flicht vun all Natioun"

Holocaust-Denkmal

"Erënnerung ass d'Flicht vun all Natioun"

Um Boulevard Roosevelt an der Stad gouf en Denkmal fir d'Affer vun der Shoah ageweit. Dat a Presenz vun der Groussherzoglecher Koppel. D'Monument gëllt als Warnung virun der Barbarei, der Intoleranz an dem Rassismus. Am Mëttelpunkt vun de Riede stoung d'Wichtegkeet vun der Erënnerung.

auto_stories

3 min

Fir d'Erënnerung wakereg ze hale gouf eng symbolesch Plaz erausgesicht. 41, Boulevard Roosevelt, direkt niewent der Kathedral. Et war do, wou déi éischt Synagog zu Lëtzebuerg opgeriicht gouf, erënnert d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Déi wier mam Ukomme vu Refugiéeë séier ze kleng gewiescht, zielt d'DP-Politikerin. Dofir wier eng nei, méi grouss Synagog gebraucht ginn, déi 1894 um Eck vun der Rue Notre Dame an der Rue Aldringen gebaut gouf. 1943 ass dës Synagog allerdéngs zerstéiert ginn.

Symbolesch ass virun allem och den Artist, deen dëst Monument geschafft huet. De franséisch-israelesche Sculpteur Shelomo Selinger ass 1928 gebuer an huet néng Konzentratiounslageren an zwee Doudesmärsch iwwerlieft. Seng dräi Meter héich Granit-Statu aus där Flamen a Käpp erauskommen, wier eng Warnung fir déi zukünfteg Generatioun.

Eng Warnung fir de Mënsch

Et wier e Privileeg fir de Shelomo Selinger, esou eng Skulptur ze maachen, déi wéinst hirer symbolescher Valeur och zur Schéinheet vun dëser Stad ka bäidroen. De Granit wier virun allem eng Warnung fir de Mënsch, an datt de Mënsch net soll de Feind vum Mënsch ginn. Fir hie wier et e grousse Privileeg, well als Laie kéint hien net fir déi Doudeg bieden, mee en hätt de Privileeg kritt, fir dat direkt an de Granit ze meesselen. Dorunner hätt hien zwee Joer geschafft, erzielt de Kënschtler.

D'Erënnerung ass eng Flicht fir all Natioun, esou d'Wieder vum Premier gëschter bei der Aweiung vum Monument. De Xavier Bettel huet sech stolz gewisen, datt d'Regierung sech an de leschte fënnef Joer vis-à-vis vun der jiddescher Communautéit entschëllegt hätt. Gläichzäiteg huet hie sech genéiert gewisen, datt et bis 2018 gedauert hätt, bis datt dat geschitt wier.

Et muss een immens vigilant sinn

De President vum Consistoire israélite de Luxembourg ass frou, datt no der offizieller Entschëllegung vun der Regierung elo och ee Monument un d'Leide vun de Judde während dem Zweete Weltkrich erënnert. Mee och haut géif den Antisemitismus nach vill Mënschen ëmbréngen, sot den Albert Aflalo. Datt de Populismus an den Nopeschlänner ëmmer méi klëmmt, géif näischt Guddes viraussoen. Den Antisemitismus hätt sech ëmmer nees nei erfonnt, an dofir misst een immens vigilant sinn.

Op der Stater Gare gouf ausserdeem nach eng Plack devoiléiert, déi un d'Deportatiounszich während dem Zweete Weltkrich viru genee 75 Joer erënnert. De Laurent Moyse, President vum Comité fir d'Undenken un den Zweete Weltkrich, appelléiert un d'Leit, sech dorunner ze erënneren, datt tëscht 1941 an 1943 genee 658 Männer, Fraen a Kanner vun der Stater Gare aus de Ghettoen an a Lageren deportéiert goufen. Do wiere si kalbliddeg vun den Nazien ëmbruecht ginn. D'Stater Gare wier eng Plaz fir unzekommen, eng Plaz fir fortzefueren, mee an dësem Moment wier se och eng Plaz fir ze gedenken.