Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Erfahrungen, déi ee sammelt"

Euro-Grupp

"Erfahrungen, déi ee sammelt"

De portugisesche Finanzminister Mario Centeno gëtt neie Chef vum Euro-Grupp. Um Méindeg Owend hunn déi 19 Finanzministeren aus der Eurozon hiren neie President gewielt. De Lëtzebuerger Member vum Euro-Grupp, Pierre Gramegna, war och Kandidat. Am zweeten Tour huet hien de Kierzere géint de Portugis gezunn. D'Parteipolitik hätt eng grouss Roll gespillt huet, sou de Pierre Gramegna nom Vote.

auto_stories

2 min

Net enttäuscht, mä e bëssen houfreg presentéiert sech de Pierre Gramegna nom Vote virun der Press. Houfreg doriwwer, datt hien et bis an d'Finall gepackt hat, nodeems sech zwee Kandidaten zréckgezunn haten. De Pierre Gramegna schwätzt vun engem honorabele Score.
"Et bréngt och mat sech, datt een déi 18 aner Kollege vum Euro-Grupp besser kenneléiert", seet de Pierre Gramegna. Verschiddener wiere "standfest" a géifen zu hirem Wuert stoen, Anerer net. "Dat sinn Erfahrungen, déi ee sammelt."

Wie genee säi Wuert net gehalen huet, gëtt een net gewuer. D'Sozialisten an d'Chrëschtdemokraten hätten zesummen de portugiseschen, sozialistesche Minister ënnerstëtzt. Et wier ze mann ëm de Contenu gaangen, a méi ëm Parteipolitik, seet de Pierre Gramegna. "Mä déi Diskussioun iwwert de Fong, déi kréie mir nach."

Keng kloer Ausso iwwer Resultat

Den Endscore wëllt de Lëtzebuerger Minister net verroden. Aus Lëtzebuerger Kreesser ass ze héieren, datt d'Resultat knapps war. "Den Euro-Grupp huet sech no zwou Ronne mat ganz, ganz breeder Majoritéit op en neie President verstännegt", seet dogéint de Peter Altmaier, deen däitschen Interim-Finanzminister ass.

De Mario Centeno géif sech kloer zum Stabilitéits- a Wuesstemspakt bekennen. Säi Vote wier och eng Unerkennung fir déi haart an erfollegräich Reformen, déi Portugal duerchgezunn hätt, sou de Peter Altmaier. Dat passt net onbluddegt bei dat, wat sech d'Sozialiste vum neie President vum Eruo-Grupp erwaarden. Et wier eng Victoire fir Europa géint d'Austeritéit, seet de President vun der Fraktioun vun de Sozialdemokraten am Europaparlament, Gianni Pittella.

Am Januar Faarf bekennen

"Et ass eng Éier, den nächste President vum Euro-Grupp ze sinn", seet de Mario Centeno selwer. Et géif den Ament eng eenzegaarteg Geleeënheet ginn, fir déi Europäesch Ekonomië besser ze preparéieren. Woufir hien dann elo inhaltlech wierklech steet, wäert sech am Januar weisen, wann hie säi Posten untrëtt.

Véier Kandidaten hate sech opgestallt fir Chef vum Euro-Grupp ze ginn. Nieft dem Lëtzebuerger Pierre Gramegna hunn d'Finanzministere Mario Centeno aus Portugal, Peter Kazimir aus der Slowakei an Dana Reizniece-Ozola aus Lettland kandidéiert. De Mario Centeno iwwerhëlt de Poste vum Hollänner Jeroen Dijsselbloem.

Vote Euro-Gruppplay_arrow