Radioen

On air

Kultur um 5  |  Teaser Skateboard-Radio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erhale vun den Urbëscher op der kanadescher Westküst

Ëmwelt

Erhale vun den Urbëscher op der kanadescher Westküst

D'Protester fir den Erhalt vun de leschten Urbëscher op der kanadescher Westküst spëtze sech zou. Zanter August zejoert blockéieren Ëmweltaktivisten op Vancouver Island an der kanadescher Provënz British Columbia den Zougank zu enger Rei ale Reebëscher, fir se virum Ofholzen ze schützen. Elo huet ee Geriicht decidéiert, datt si hir Blockad musse raumen, mee d'Aktivisten hunn net vir ze bougéieren.

auto_stories

3 min

Fir de Jean-François ass et schonn zu enger Zeremonie ginn. Allkéiers wann hien an de Bësch geet, deet hie seng Schong aus fir d'Kraaft vun dësen urale Beem ze spieren. Virun annerhallwem Mount huet hie säi Liewen als Schräiner hanner sech gelooss, fir bei der Beweegung fir den Erhalt vun dësen ale Reebëscher matzemaachen.

Den Aktivist Jean-François
Hien ass ee vun den Aktivisten um Site vun Eden Grove, am Südweste vu Vancouver Island, eng Insel esou grouss wéi d'Belsch, déi westlech vun der Stad Vancouver läit. De Jean-François, deen nëmme mam Virnumm wëllt identifizéiert ginn, kämpft mat ronn honnert aneren Aktiviste fir den Erhalt vun dësen ikonesche Bëscher.

Ronn honnert Aktivisten op Blockad

Zanter August zejoert blockéiere si der Industrie den Zougank zu dëse Bëscher op enger hallwer Dose Sitten. An d'Aktiviste sinn op Alarmbereetschaft zanter datt ee Geriicht Uganks Abrëll entscheet huet datt si hir Blockade musse raumen. Wann d'Police bis Aktiviste festhëlt, wäert et drëm goen esou vill wéi méiglech Kaméidi ze maachen, esou de Jean-François.

British Columbia ass eng vun de leschte Plaze wou et nach esou kal Reebëscher ginn. Vun deene produktiivste Bëscher, wou Beem wuessen déi bis zu zwanzeg Stäck héich a fënnef Meter breet sinn, si just nach knapps dräi Prozent iwwreg.

''Lonely Doug", ee Joerhonnerten-ale Bam matzen an engem Gebitt dat ofgeholzt gouf

D'Suzanne Simard, déi d'Ökologie vun de Bëscher op der University of British Columbia studéiert, erkläert datt dës Ekosystemer net nëmmen ee immense Räichtum u Biodiversitéit ënnerstëtzen, mee och eng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel spillen.

"D'Reebëscher op der Westküst vun Nordamerika sinn déi gréissten CO2-Späicher op der Welt nieft de Boreal-Bëscher an dem Amazonas. Si sinn absolut essentiell. Wa Kanada seng Paräisser Klimaziler wëllt erreechen, muss et dës Beem onbedéngt stoe loossen."

D'Forstwirtschaft ass ee Sekter deen all Joer 13-Milliarden-Dollar erabréngt an der Provënz British Columbia.

E Bléck an de Bësch

D'Regierung handelt net séier genuch

An trotz dem Gewiicht vun dëser Industrie huet d'Provënz-Regierung sech engagéiert, d'Recommandatioune vun engem Expert-Comité ëmzesetzen, deen dozou oprifft fir d'Reebëscher dringend ënner Schutz ze stellen.

D'Andrea Inness, Aktivistin fir d'Ëmweltorganisatioun Ancient Forest Alliance, bedauert allerdéngs, datt d'Regierung net séier genuch handelt.

"Dës immens rar a biodiverse Bëscher gi weiderhin Dag fir Dag ofgeholzt. Wann d'Politik elo net dringend ee Moratoire op d'Ofholze vun dëse menacéierten Ekosystemer deklaréiert, dann ass geschwënn näischt méi vun dëse Bëscher iwwreg."

Bleift ze gesinn ob dës Beweegung een änlechen Ausmooss wäert hunn wéi de sougenannte "War in the Woods" an den 90er Joren, wou bal 1.000 Aktiviste bei engem Protest géint d'Ofholze vun Urbëscher festgeholl goufen, ënner de Projektere vun internationale Medien.

D'Aktiviste soen sech jiddefalls bereet bis zum Schluss fir den Erhalt vun dësen ikonesche Beem ze kämpfen.