Radioen

On air

De Weekend  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erhéijung vun der CO2-Taxe mécht den Transportentreprisen ze schafen

Arthur Welter

Erhéijung vun der CO2-Taxe mécht den Transportentreprisen ze schafen

Déi geplangte weider Erhéijunge vun der CO2-Taxe dreiwen d'Käschten an deemno och d'Inflatioun, esou reagéiert op Nofro d'Transport-Entreprise Arthur Welter op d'Pläng vun der Regierung. Bei der Presentatioun vun der geplangter Aktualiséierung vum "Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg" hat d'Regierung jo de Méindeg ugekënnegt, datt d'CO2-Taxe pro Tonn a Joer ëm fënnef Euro soll klammen, fir 2026 45 pro Tonn Kuelendioxid z'erreechen.

auto_stories

2 min

Foto: De Ben Frin ass Finanzdirekter bei Arthur Welter.

Lauschterenplay_arrow


Dës Schrëtt géifen ëmmer méi héich Käschte fir d'Entreprise Arthur Welter Transports bedeiten, esou de Finanzdirekter Ben Frin. An dës Méi-Käschte misst ee wuel oder iwwel un d'Cliente weider ginn.

Fir d'Wirtschaft wiere Steiererhéijungen ëmmer Inflatiouns-dreiwend, an am Transport-Secteur wieren d'Gewënn-Margen "net immens héich". Fir d'Iwwerliewe vun der Entreprise ze garantéiere misst een entspriechend un den Tariffer schrauwen.

CO2-Tax verursaacht extreem Zousazkäschten

D'Transport-Entreprise Arthur Welter huet ronn 500 Gefierer, esou de Ben Frin. D'Erhéijung vun der CO2-Taxe ëm fënnef Euro pro Tonn a Joer, entsprécht der Regierung no, enger Präis-Hausse ëm 1,1 bis 1,2 Cent um Liter Diesel.

"A mir verbrauche ronn 12 Millioune Liter Diesel all Joer. An da kann ee sech jo ausrechnen, datt all Cent fir eis e ganze Koup Geld ausmécht."

Arthur Welter verleet "nohalteg Aktivitéiten" an d'Ausland

Een Deel vun de Recetten aus der CO2-Taxe soll fir Klimaschutz-Mesuren a fir d'Energie-Transitioun agesat ginn, seet d'Regierung. Am Secteur vum Schwéiertransport a vum Laangstreckentransport hätt een dovun awer bis elo näischt matkritt.

Den neie staatleche Subside vu bis zu 300.000 Euro pro Grupp fir de Kaf vun Emissiouns-fräie Camionen, deen haut ugekënnegt gouf, wier vill ze niddreg, kritiséiert de Ben Frin. Dowéinst wier seng Entreprise gezwongen, hir nohalteg Aktivitéiten an d'Ausland ze verleeën, well do déi staatlech Ënnerstëtzunge méi héich wieren.