Mémoire Erny Lamborelle demissionéiert aus Zweete Weltkrich-Comité

De President vun der Zwangsrekrutéierte-Federatioun Erny Lamborelle huet als Member vum "Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale" demissionéiert. Dat aus Protest géint "Agissementer géint d'Enrôlés de force, hir Federatioun, hire President a meng eege Persoun", sot den Erny Lamborelle op Nofro vum 100,7 hin.

Michel Delage

Erny Lamborelle
Erny Lamborelle

Viru gutt zwee Méint hat de Consistoire israélite dem President vun der Zwangsrekrutéierte-Federatioun virgeworf, "déi jüddesch Communautéit zu Lëtzebuerg ugegraff an diffaméiert ze hunn".

Den Hannergrond ass eng Polemik tëschent dem Erny Lamborelle an dem Henri Juda, deen am "Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale" ee vu sechs Vertrieder vun de jüddeschen Affer ass. Den Henri Juda hat d'Fro opgeworf, ob d'Zwangsrekrutéierte-Federatioun net och géif fräiwëlleg Nazi-Kollaborateure vertrieden.

Dem Erny Lamborelle seng Äntwert op engem Kongress vun den Zwangsrekrutéierte gouf wéi gesot vum Consistoire israélite kritiséiert, well hien den allgemenge Begrëff "jüddesch Communautéit" gebraucht huet. Well hien seng fräi Meenung net kéint zum Ausdrock bréngen, hätt hien aus dem "Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale" demissionéiert, sou den Erny Lamborelle am 100,7-Interview.

Comité eréischt zënter aacht Méint aktiv

Dee Comité, deen d'Regierung an d'Liewe geruff huet an zënter November funktionéiert, ass paritéitesch aus Vertrieder vun den Affer vum Zweete Weltkrich besat: de Resistenzler, de jüddeschen Affer an den Zwangsrekrutéierten.

Iwwermuer Mëttwoch kënnt de Comité nees zesummen nodeems déi lescht geplangte Sëtzung ofgesot gi war. "An där Stëmmung, déi dee Moment war, hätt net kéinte geschafft ginn", sot eis de President vum Comité Albert Hansen. Den Erny Lamborelle gëtt am Grupp vun den Zwangsrekrutéierten am Comité vum André Pletsch ersat. Den deementspriechenden Arrêté ministériel vum 14. Juli ass den 21. Juli am Mémorial verëffentlecht ginn.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen