Gesetzestext Eropsetze vu Schoulflicht: Néng formell Oppositioune vum Staatsrot

De Staatsrot fuerdert eng Rei Ännerung am Gesetzesprojet vum Educatiounsministère, dee virgesäit d'Schoulflicht vu 16 op 18 Joer eropzesetzen. Bei néng Artikelen huet sech de Staatsrot a sengem Avis vum 23. Dezember formell opposéiert.

Marlène Clement / cbi

Conseil d'état
Foto: Kaori Anne Jolliffe

Lauschteren


Eng Partie Formulatiounen am neien Text géifen zu juristeschen Onsécherheete féieren a wieren deels net verfassungskonform. Ënner anerem géif net kloer aus dem Text ervirgoen, wien iwwerhaapt vun der Schoulflicht bis 18 Joer betraff ass, schreift de Staatsrot a sengem Avis.

Staatsrot fuerdert Prezisiounen

Am neien Text géif nämlech vu Mineure geschwat ginn, déi zu Lëtzebuerg "present" sinn amplaz vu Mineuren, déi zu Lëtzebuerg "wunnen". Et wier net kloer, wat d'Auteure vum Text mat "present" mengen, kritiséiert de Staatsrot a proposéiert den Terme duerch "résidence habituelle" ze ersetzen.

Am Gesetzesprojet wier och kee legale Kader fir den Homeschooling am Secondaire virgesinn. Och wat d'Sanktiounen ugeet, wann e Mineur sech net un déi geplangte Schoulflicht bis 18 Joer sollt halen, misst méi Kloerheet geschaaft ginn. Esou misst preziséiert ginn, wéi eng Infraktioune genee viséiert wieren an déi eventuell Sanktiounen deementspriechend ugepasst ginn.

Kee Kader fir professionelle Parcours fir Mineuren

Doriwwer eraus stellt de Staatsrot a sengem Avis fest, datt den Educatiounsministère a sengem Gesetzesprojet kee Kader virgesäit fir Mineuren tëscht 16 an 18 Joer, déi e professionelle Parcours wéilten aschloen.

An anere Wierder géif dat bedeiten, datt Jonker hir professionell Karriär net wéi am aktuelle Gesetzestext mat 16, mee eréischt mat 18 Joer kéinten ufänken.

De Staatsrot mengt dann och, datt de Gesetzprojet net kloer genuch justifiéiert, wat d'Verlängerung vun der Schoulflicht ëm zwee Joer iwwerhaapt u Virdeeler soll mat sech bréngen.

Méi zum Thema

Claude Meisch
Educatiounsministère

Am Virfeld vun der Schoulrentrée dës Woch huet den Educatiounsminister Claude Meisch ugekënnegt, datt d'Schoulflicht an Zukunft soll bis 18 Joer gëllen. Doduerch soll verhënnert ginn, datt Jonker fréizäiteg mat hirer schoulescher Ausbildung ophalen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen