Radioen

On air

Tockcity  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ersetzt de Marc Angel den Etienne Schneider an der Regierung?

Politik

Ersetzt de Marc Angel den Etienne Schneider an der Regierung?

De Marc Angel seet, hie géif sech op d'Aarbecht zu Bréissel a Stroossbuerg freeën, hie wollt awer net ausschléissen, datt hien nach am Laf vun der Legislaturperiod zréck op Lëtzebuerg kënnt, fir den Etienne Schneider an der Regierung ze ersetzen. Deen huet jo duerchblécke gelooss, datt hien net bis un d'Enn vun der Legislaturperiod wëllt Minister bleiwen.

auto_stories

2 min

De Marc Angel geet dovun aus, datt hie säi Mandat als Europadeputéierten den 1. Dezember untriede wäert. Den LSAP-Deputéierte soll jo den Nicolas Schmit am Europaparlament ersetzen, soubal dee seng Aarbecht an der EU-Kommissioun ufänke kann. Dat hätt u sech den 1. November solle geschéien, klappt awer net, well eenzel Kommissärs-Kandidate vun den europäeschen Deputéierte refüséiert goufen. D'Franséisin Sylvie Goulard zum Beispill. Den Emmanuel Macron muss en neie Kandidat nennen, huet dat bis ewell awer nach net gemaach.

De Marc Angel ass der Meenung, datt de franséische President géif motzen. "En hat net domat gerechent, datt der Grande Nation esou eppes kéint passéieren", sou den Nach-Chamberdeputéierten.

Dëse Virgank géif awer och weise wéi demokratesch an transparent d'europäesch Institutioune sinn. Engem ëffentlechen Hearing vu ronn dräi Stonne misst kee Minister an engem EU-Staat sech ënnerzéien, ausser fir EU-Kommissär ze ginn. Dat géif hien immens positiv fannen, sou de Marc Angel.

"De Brexit wäert eis nach laang beschäftegen"

Fir de Marc Angel wier et eng Katastroph, wann et zu kengem Deal mat Groussbritannie géif kommen. Dat wier schlecht fir d'Vereenegt Kinnekräich a fir ganz Europa. Et géif och ëm e groussen Handelsaccord goen. "Ech erënneren drun, datt de groussen Handelsaccord mat Kanada siwe Joer laang verhandelt ginn ass. Mir wäerten eis nach ganz laang mat deem Thema beschäftegen a vill Energie dru verléieren", sou de Marc Angel.

De President vun der aussepolitescher Chamber-Kommissioun an zukünftegen Europadeputéierte Marc Angel gesäit kee Problem doran, datt d'EU de Brexit-Deal awer nach eemol no-verhandelt an de Backstop dobäi erausgeholl huet, obscho si béides virdrun ëmmer an ëmmer erëm ausgeschloss hat.

Déi europäesch Säit wier konsequent gewiescht

De Backstop wier erausgeholl ginn an et ass eng Ersatzléisung fonnt ginn, fir eng Grenz am iresche Mier ze maachen. Dat wier schonn Deel vun der éischter Offer gewiescht, déi d'EU gemaach huet. Mee dat war eppes, wat d'Premierministesch Theresa May op Kee Fall wollt deemools. Déi europäesch Säit wier sech op allefalls ëmmer konsequent gewiescht.

Et hätt hien och gewonnert, datt d'Theresa May de leschte Samschdeg fir den Deal plädéiert huet, well an deem Deal, deen de Samschdeg presentéiert gouf, genee dat dra steet, wat si deemools refuséiert huet. "Also et ass éischter e Manque de Credibilité op där anerer Säit, wéi bei den Europäer", sou nach de Marc Angel.