Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ eSante bedauert, datt AMMD de Conseil verlooss huet

Digitalisatioun

eSante bedauert, datt AMMD de Conseil verlooss huet

De Christian Oberlé, President vun der Agence eSanté bedauert, datt d'AMMD de Conseil de gérance vun der Agence verlooss huet.

auto_stories

2 min

De Christian Oberlé ass President vun der eSante. Foto: Archiv

D'AMMD huet der Agence reprochéiert, net genuch beim Ausbau vun der Digitalisatioun mat agebonne gewiescht ze sinn an datt d'Eegeninitiativ vun der AMMD fir ënner anerem d'elektronesch Patientendossieren iwwer eng App ze geréiere sabotéiert gi wier.

Eng Kritik, déi de Christian Oberlé am 100,7-Interview net gëlle léist: et wier am Interêt vu jiddwerengem gewiescht, datt déi Initiativ ee Succès gëtt, speziell fir d'AMMD a fir d'Gesondheetskeess.

"Et war am Interêt vun eis alleguerten, datt déi Initiativ ee Succès gëtt. Zemools am Interêt vun der AMMD, déi d'Doktere representéiert, an vun der Gesondheetskeess, déi d'Assuréë representéiert. Do ass eng Aart Dräiecksverhältnis geschafe ginn, wou d'Patient:in effektiv effektiv wierklech den zentrale Punkt ass an der Digitalisatioun, dat heescht d'Patient:in kritt vum Dokter déi Dokumenter geschéckt, an hie schéckt eis déi Dokumenter weider, wann hie wëllt. Sou wéi beim Pabeier hält hien d'Hand iwwer alles. Dat huet eis alleguerten arrangéiert an et hätt eis alleguerten arrangéiert, wann dat dote besser funktionéiert hätt."

Just eng 30 Doktere géifen dee System den Ament benotzen, seet de Christian Oberlé. Wisou de System net méi Succès hätt, konnt de President vun der Agence eSanté net konkret soen. Et hätt awer näischt mat Sabotage ze dinn.