Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Esch 2022 kann nach ëmmer een Erfolleg ginn"

Europäesch Kulturhaaptstad

"Esch 2022 kann nach ëmmer een Erfolleg ginn"

Hie wier uganks net iwwerzeegt vun enger drëtter Kandidatur vum Grand-Duché fir Europäesch Kulturhaaptstad gewiescht. Dat seet de fréieren Direkter vum Neimënster a Coordinateur vun Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad 1995, Claude Frisoni. Allerdéngs géif hien d'Aarbecht vun de fréiere Coordinateure vun Esch 2022 appreciéieren. D'Janina Strötgen an den Andreas Wagner hätte senger Meenung no "pertinent Anglen" fonnt.

auto_stories

2 min

De Projet Esch 2022 hätt dem Claude Frisoni no eng Zukunftsvisioun. D'Stad Esch wier ëmmer wéinst der Stolindustrie eng aktiv Stad gewiescht. "Mee wéi ech déi leschte Kéier duerch d'Brill Strooss gaange sinn, hat ech e Gefill vun Desaster. Zoue Bistroen an Haiser. Et ass traureg", seet de Claude Frisoni. Am Projet vun den zwee Coordinateure wier net nëmmen ee Joer vu kulturellen Aktivitéite virgesi gewiescht, mee och eng bewosst Projektioun an d'Zukunft. Dat wier intelligent gewiescht, "a wann een an déi Direktioun geet kann et een Erfolleg ginn".

Hie géif allerdéngs ufänken d'Hoffnung ze verléieren, datt de Projet ee Succès géif ginn. Ënner anerem well d'Politik sech géif amëschen. Dat wier "de Professionalismus vun de Konschtschafenden net respektéiert".

"Politiker sollen hir Aarbecht maachen"

"Wann ech gesinn, datt ee just nach vun Esch 2022 schwätzt, wéinst dem Ofschafe vu Comptabelen, engem Vertrauensverloscht a Politik, déi sech an de Virdergrond stellt." Et géif kee Beispill vun enger Europäescher Kulturhaaptstad ginn, mat engem Politiker als Gestionnaire, artisteschen Direkter oder Projektentwéckler, seet de Claude Frisoni. Souguer engem Mann wéi de Jacques Lang, deem d'Europäesch Kulturhaaptstad zu Paräis 1989 uvertraut gouf, wier dat net gegléckt. "Kee Mënsch ka sech méi dodrun erënneren. De Projet war een totalen Echec."

Politiker missten dem fréieren Direkter vum Neimënster no déi Konschtschafend hir Aarbecht maache loossen.

"Wa si dat net verstinn, wäert et op si zeréckfalen. Well da musse si et op hir Kap huelen, wann de Projet net reusséiert." Et wier domm, fir Leit hir Aarbecht gutt maachen ze loossen an hinnen dono als Merci ze soen, si wieren net op der Héicht, sou de Claude Frisoni.