Radioen

On air

Espresso Beats  |  Fakear - All Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Esch 2022 war e Succès"

Kultur

"Esch 2022 war e Succès"

Esch 2022 war e Succès trotz de Probleemer déi d'Covid-Restriktiounen no sech gezunn hunn, déi ganz Regioun huet dervunner profitéiert an et bleiwen och Infrastrukturen an der Regioun iwwer dat Joer eraus erhalen. Dat war allefalls de Fazit vun de grousse Parteien de Méindeg nodeems an der zoustänneger Chamberkommissioun de Bilan gemaach gouf.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et gouf sech also op d'Schëller geklappt an e positive Bilan gezunn. Weder d'CSV déi de Projet jo als Majoritéit an der Escher Gemeng matorganiséiert hat, nach déi national Majoritéitsparteien hate Probleemer mat dem Oflaf vum Evenement. Iwwer 500.000 Visiteuren, eng Augmentatioun vun den Iwwernuechtungszuele vun iwwer 30 Prozent an Infrastrukturen déi an der ganzer Regioun och nom Kulturjoer bestoe bleiwen: Den Escher Buergermeeschter an CSV Deputéierte Georges Mischo war ganz zefridde mam Bilan, och wann et punktuell Kritik gouf. Et wier normal, datt bäi sou engem groussen Event net alles géif perfekt lafen.

Och fir déi Suessemer Buergermeeschterin an LSAP-Deputéiert Simone Asselborn-Bintz dominéiert dat positiivt Bild.

"Ech sinn do e bëssen zweegedeelt. Als Gemengemamm hunn ech et awer e ganz flotten an wierklech interessante Projet fonnt, wou mer eis als Gemengen am Süden an och iwwer d'Grenzen eraus konnte wierklech abannen a wou mer konnte mat de Leit zesumme Kultur maachen an dat hunn ech ganz wäertvoll fonnt."

Kritik an Nuancë vun déi Lénk

Wann och nuancéiert kënnt awer och méi däitlech Kritik vun der Deputéiert vun Déi Lénk Nathalie Oberweis. Et géif wuel eng Rei positiv Effekter ginn, d'Abanne vun der lokaler Populatioun a Konschtzeen wier net optimal gewiescht.

"Mee et bleift awer, datt mer wëssen, datt vill lokal Kënschtler e bësse sëtze bliwwe sinn op hire Projeten, op hiren Iddien an net genuch wouer geholl gi sinn, an ech mengen dat ass eppes dat geet net."